Um Freideg den OwendNéng Blesséierter bei fënnef Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsdéngschter melle fënnef Accidenter mat am ganze siwe Blesséierten e Freideg den Owend.
© Laurent Weber

Um 19 Auer waren zwee Autoen an een Moto an een Accident um Vesquenhaff un der franséischer Grenz bei Déifferdeng verwéckelt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um 21.30 Auer sinn tëscht dem Houwald an dem Ban de Gasperich zwee Autoen aneneegerannt. Do goufen et zwee Blesséierter. Kuerz drop ass tëscht Schieren a Steeën een Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf do verwonnt.

Um 22.30 Auer sinn tëscht Péiteng a Rodange zwee Gefierer net laanschteneen komm, eng Persoun gouf blesséiert. De Samu war op der Plaz. A géint 23.30 Auer sinn nach zwee Autoen tëscht dem Scheedhaff an dem Rond-point Sandweiler an een Accident verwéckelt ginn. Hei goufe véier Leit verwonnt.

Um fréie Samschdeg de Moie koum et nach zu engem weideren Accident, wéi tëscht Péiteng an Nidderkuer zwee Autoe frontal aneneegerannt sinn. Eng Persoun gouf blesséiert an de Samu huet missten op d’Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO