
No enger Presentatioun vum Manuel Cardoni, deen dem Jeff Strasser de Spiller virgestallt an ënnerstrach huet, dass hie mat sengem Profil gutt an d’Ekipp vun de Roude Léiwe passt, ass d’Decisioun gefall, hien ze selektionéieren. Eng Nominatioun, iwwer déi sech de Spiller och „gefreet huet“.
D’kapverdianesch Federatioun hätt reagéiert, nodeems bekannt gouf, dass den Nationaltrainer Jeff Strasser de Spiller fir de Match géint Malta an de Kader geruff hat. „Do ass e System hannendrun, mat Headhunteren, déi iwwer e Reseau drop opmierksam gemaach goufen, dass mir de Fabio Domingos fir d’A-Ekipp selektionéiert hunn.“
De Cap Vert huet sech fir d’Weltmeeschterschaft qualifizéiert a spillt deemnächst Frëndschaftsmatcher géint Chile a Finnland. Fir dës Matcher gouf de Fabio Domingos nominéiert, “deen Deel vun enger Lëscht vu Spiller ass, déi Originnen hunn, awer an engem anere Land wunnen. E grousst Argument ass natierlech d’Qualifikatioun fir d’WM. Wat awer verwonnerlech ass: kee vun de Kapverdianer huet mam Fabio geschwat. Weder den Trainer nach den Directeur Technique. Dat ass alles iwwer Agenten a Reseaue geschitt, wou dann einfach eng Lëscht erausgeschéckt gëtt fir séier ze selektionéieren. Hei gëtt ganz kloer mat den Dreem vu jonke Spiller gespillt.“
Dowéinst ass et ëmsou méi iwwerraschend, dass de Fabio Domingos dës Invitatioun ugeholl huet, obwuel vill Aarbecht vum Manuel Cardoni an d’Entwécklung investéiert gouf: „Et ass e Choix, dee mir mussen akzeptéieren an deen de Spiller och selwer muss assuméieren. Ech sinn op alle Fall enttäuscht. Et gouf e sportleche Plang opgebaut, an deem mir de Spiller als prett fir d’A-Ekipp gesinn hunn. Déi Aarbecht gouf elo mat Féiss getrëppelt. Do war e ganze Projet hannendrun. Dat, wat de Cap Vert hei mécht, ass komplett aus der Loft gegraff. An et ass net deen éischte Fall. Mir mussen eis eng Strategie iwwerleeën, wéi mir an Zukunft mat esou Situatioune wäerten ëmgoen“, esou de Manuel Cardoni.