BundesligaSechs Goler a kee Gewënner am Derby tëscht Köln a Gladbach, Bayern souverän

Jeff Birsens
Am Derby tëscht Köln a Gladbach goufe sech mat engem 3:3 d'Punkte gedeelt. Den FC Bayern bleift donieft mat enger klorer 4:0-Victoire géint Union Berlin op guddem Wee Richtung Championstitel.
© Photo by MARIUS BECKER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

E Samschdeg war an der däitscher Bundesliga d’Suite vum 27. Spilldag. Fir den Optakt um Freidegowend hat RB Leipzig der TSG Hoffenheim bei engem 5:0-Succès keng Chance. gelooss.

Den FC Bayern huet seng Aufgab doheem géint Union Berlin mat engem klore 4:0 erfëllt. Wéi erwaart waren d’Münchener am eegene Stadion déi dominant Ekipp, si haten awer eng Zäit laang un enger kompakter géignerescher Defense ze knaen. Kuerz virun der Paus sollt den Duerchbroch da geléngen a sou war et no zwee Goler bannent gutt dräi Minutte vum Michael Olise a Serge Gnabry mat enger verdéngter 2:0-Féierung an d’Vestiairë gaangen. Séier war dann nom Säitewiessel kloer, datt fir Union hei näischt méi ze huele wier. An der 49. Minutt konnt den Harry Kane dann op 3:0 setzen a knapp 20 Minutten drop de Gnabry mat sengem zweete Gol vum Dag op 4:0. De Spillstand hätt an der Schlussphas och nach kënne méi héich ausfalen, egal wéi gouf et awer déi dräi Punkte fir den FC Bayern.

E spannende Match kruten d’Spectateure vum Derby tëscht Köln a Borussia Mönchengladbach ze gesinn, bei deem et no sechs Goler um Enn bei engem 3:3-Remis kee Gewënner gouf. Vun Ufank u war immens vill lass. Nom Féierungsgol vum Gaascht an der 1. Spillminutt konnt den Effzeh an der 4. an an der 7. Minutt duerch Goler vum El Mala an Ache de Match dréinen. An der 21. Minutt war et dann op där anerer Säit de Philipp Sander, deen nees egaliséiere konnt. Mat engem gerechte Gläichstand ass et dann an d’Paus gaangen. An der 60. Minutt huet ee Sonndesschoss vum Jens Castrop da fir d'3:2-Féierung fir d’Borussia gesuergt. Wéi et dëse Match awer sollt hierginn, war et kuerz viru Schluss dann den Eric Martel, dee mat sengem Kappball nach de Punkt fir Köln rette konnt.

An deenen zwou weidere Partië vum Mëtteg huet Leverkusen trotz zweefacher Féierung 3:3 géint Heidenheim gespillt a fir Wolfsburg gesäit et no enger 0:1-Defaite géint Bremen ëmmer méi däischter aus.

E Samschdeg den Owend spillt um 18.30 Auer nach Borussia Dortmund doheem géint den Hamburger SV.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO