22 Joer jonke Mëttelfeldspiller Edoardo Bove zesummegebrach

© AFP
Ouni Friemawierkung ass de Spiller vum FC Florenz no 17 Minutten am Match zesummegebrach. Hie gouf direkt vun den Dokteren nach um Terrain behandelt.
Wärend der Behandlung hu seng Matspiller an d'Spiller vun der géignerescher Ekipp e Krees ëm de Bove forméiert, fir hien esou viru Blécker ze schützen. Vill Spiller haten Tréinen an en Aen. Dono gouf hien an d'Spidol bruecht, wou hien nees zousech koum. De Match gouf beim Stand vun 0:0 als éischt ënnerbrach a kuerz drop och ofgebrach. De Match soll zu engem spéideren Zäitpunkt widderholl ginn.
Wéi den AC Florenz an d'Klinik matgedeelt hunn, gouf de Bove nach um Terrain gerett, nodeem hie vu sech war. Aktuell läit hien op der Intensivstatioun vun der Unisklinik Careggi.
De Bove ass vum AS Roum un den AC Florenz ausgeléint a säi Stammclub huet och kuerz no der Situatioun reagéiert. "Ee vun eis, mir all si bei dir. Forza Edo!" huet Roum op X geschriwwen. Vum David de Gea, Golkipp vum FC Florenz, war et just den Tweet "Gott, wgl.".
De Virfall erënnert d'Frans vum FC Flroenz un den trageschen Doud vum Davide Astori. De fréiere Kapitän war am Mäerz 2018 am Alter vun 31 Joer virun engem Match dout a sengem Hotelszëmmer fonnt ginn. Am Abrëll dëst Joer war den Evan Ndicka an enger Partie vun der Serie A zesummegebrach, hie konnt awer kuerz drop nees spillen.