An den Aachtelsfinalle vun der Coupe am nationale Futtball kënnt et zu der Spëtzepartie Jeunesse Esch géint Progrès Nidderkuer.

Kanech spillt géint Wolz, de Racing kritt Besuch vu Rouspert, Baastenduerf aus der éischter Divisioun spillt géint den F91 Diddeleng, Lëntgen aus der zweeter Divisioun kritt et mat Belval/Bieles ze dinn, Weiler spillt géint Titus Péiteng, Hueschtert géint d‘UNA Stroossen an de Champion Déifferdeng spillt auswäerts zu Käerjeng.

D‘Matcher ginn den 12. Mäerz 2025 gespillt.