Bayern eliminéiert, Drëttligist Bielefeld setzt sech géint Freiburg duerch

© MICHAELA STACHE AFP
En Dënschdeg goufen an Däitschland déi éischt Aachtelsfinallen am DFB-Pokal gespillt.
Arminia Bielefeld - SC Feiburg 3:1
1:0 Lannert 28', 2:0 Kania 36' (E), 1:2 Gregoritsch 63', 3:1 Oppie 81'
An engem vun den zwee Matcher, déi am fréien Owend gespillt goufen, gouf et dann och direkt déi éischt Iwwerraschung. Arminia Bielefeld aus der drëtter Bundesliga huet sech souverän géint den SC Freiburg aus der éischter Liga duerchgesat.
Dobäi hat den Owend fir de Bundesligist nach gutt ugefaangen. Freiburg kritt no engem Foul um Gregoritsch an der 14. Minutt en Eelefmeter fir sech gepaff. Dëse gouf allerdéngs vum Muslija verschoss.
Duerno kënnt Bielefeld allerdéngs richteg gutt an de Match a wënnt dësen no Goler vum Lannert (28'), Kania (36') an Oppie (81') um Enn verdéngt. Doru kann och den Uschlossgol fir déi Freiburger vum Gregoritsch an der 63. Minutt näischt änneren.
Jahn Regensburg - Stuttgart 0:3
1:0 Millot 10', 2:0 Chase 19', Woltermade 61'
Keng Probleemer hat dogéint de VfB Stuttgart. D'Ekipp vum Trainer Sebastian Hoeneß setzt sech ouni Probleemer 3:0 géint Jahn Regensburg aus der zweeter Bundesliga duerch.
Bayern München - Bayer Leverkusen 0:1
0:1 Tella 69'
Kee gudden Dag hat de Manuel Neuer erwëscht. De Golkipp krut a sengem 866. Match als Profi déi éischt Rout Kaart vu senger Karriär. Dat nodeems hien de Jeremie Frimpong als leschte Mann, virum Strofraum mat engem Bodycheck vun de Been hëlt.
De Vincent Kompany stellt doropshin den Ersatzgolkipp Daniel Peretz an de Gol an hëlt de Leroy Sane vum Terrain. Ma Bayern ass trotzdeem gutt am Match bliwwen an huet sech bei Konteren och geféierlech Golchancen erausgespillt.
Ma an der 69. Minutt schéisst den Tella dann no Viraarbecht vun Xhaka a Grimaldo de Gol vum Owend. Leverkusen setzt sech also zu München duerch an eliminéiert Bayern aus dem DFB-Pokal.
Werder Bremen - Darmstadt 98 1:0
Jung 90'+4
Am zweete Match vum spéiden Owend ass Bremen de Gäscht aus Darmstadt kloer iwwerleeën. Ma et dauert bis zur véierter Minutt vun der Nospillzäit, bis de Jung den decisive Gol fir d'Haushäre markéiert.