An der englescher Premier League gouf den Merseyside-Derby tëscht Everton a Liverpool wéinst de schlechten Wiederprevisiounen annuléiert.

D'Sécherheetsautoritéiten hate wéinst dem Stuerm "Darragh" ze vill Bedenken. De lokale Wiederdéngscht hat eng Warnung vun der héchster Kategorie erausginn, wat ganz seelen ass. Et gëtt mat Wandvitesse vun bis zu 145 Stonnekilometer a mat vill Reen gerechent. Vill Britte kruten eng Warnung op den Handy, geschéckt fir sech a Sécherheet ze bréngen.

Aus sportlecher Siicht ass d'Ofso schued, well et de leschten Derby tëscht den Noperen am "Goodison Park Stadion" gewiescht wär. Den FC Everton plënnert geschwënn an eng nei Arena an der Géigend vum Hafen.

De Match gëtt verluecht. En Datum ass nach net bekannt.