Kee Gewënner am Borussen-Duell

© AFP
Gladbach an Dortmund trenne sech 1:1. Victoirë ginn et dogéint fir Leverkusen, Bayern a Leipzig.
An der däitscher Bundesliga war et um Samschdeg d'Suite vum 13. Spilldag. Hei konnten sech ënnert anerem Leverkusen, Bayern a Leipzig iwwer 3 Punkte freeën. Schonn e Freideg den Owend konnt sech an engem spektakulärem Match Stuttgart no engem 0:2 Réckstand nach um Enn 3:2 géint Union Berlin duerchsetzen. An och op internationalem Terrain gouf gespillt.
Am Borussen-Duell tëscht Gladbach a Dortmund gëtt et kee Gewënner. Béid Ekippe spillen no intensiven 90 Minutten 1:1-Gläich. Dortmund hat wuel mei Spillundeeler, huet awer iwwer déi 90 Minutten déi néideg Kreativitéit an der Offensiv gefeelt. Op der anerer Säit huet d'Lokalekipp vu Gladbach mat enger stabiller Defense et dem BVB natierlech och net einfach gemaach. D'Goler goufe vum Gittens a Stöger (per Eelefmeter) geschoss. An der Schlussphase hate béid Ekippen nach d'Chance op de Lucky Punch, ma weder de Guirassy nach den Hack kruten de Ball am Gol ënner.
Den aktuellen däitsche Meeschter Bayer Leverkusen huet sech no der Victoire ënnert der Woch am DFB Pokal géint Bayern München och an der Bundesliga net aus der Rou brénge gelooss, a gewënnt géint den Opsteiger St. Pauli mat 2:1. Alles an allem war et awer keng iwwerzeegend Leeschtung. Virun allem d'Effektivitéit virum Gol huet den Ënnerscheed gemaach.
Engagéiert Kieler musse sech um Enn géint effektiv Leipziger mat 0:2 geschloe ginn. D'Goler fir RB hunn de Sesko an de Silva per Eelefmeter markéiert.
E rasante Match hunn d'Spectateuren an der Allianz Arena gesinn. Net manner wéi 6 Goler si bei der 4:2-Victoire vun de Bayern géint Heidenheim gefall. D'Lokalekipp huet de Match wuel dominéiert, huet an der Defensiv awer ze vill Feeler gemaach, wat Heidenheim et erméiglecht huet 2 mol zeréck an de Match ze kommen. Um Enn huet de Musiala mat 2 Goler fir d'Entscheedung gesuergt.
Bochum verléiert am eegenem Stadion mat 0:1 géint Bremen. De Gol vum Dag huet de Stage an der 56. Minutt markéiert. Frankfurt an Augsburg spillen 2:2-Gläich. Frankfurt ass duerch den Hugo Ekitiké wuel a Féierung gaangen, Augsburg konnt de Match bannent 11 Minutten awer dréinen. Um Enn konnt den Uzun de Frankfurter awer nach e Punkt retten.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.