Fir Déifferdeng ass et déi 1. Néierlag an dëser Saison.

Um Samschdeg war et den Optakt vum 15. Spilldag an der BGL Ligue.

Am Spëtzematch vum 15. Spilldag huet um Samschdeg den Owend de Racing  Déifferdeng mat 1:0 geschloen. De Gol vum Dag huet de Yann Mabella an der 49. Minutt markéiert. Et ass dem Mabella säin 12. Gol an dëser Saison. Fir Déifferdeng ass et am 15. Match déi 1. Néierlag, et bleift een an der Tabell awer weider souverän un der Spëtzt, dat mat elo 7 Punkte virun Diddeleng an dem Racing.

Virun 352 Spectateuren muss sech den F91 Diddeleng am Stade Jos Nosbaum d'Punkte mat der Jeunesse Esch deelen. Virun allem an der Ufankphase war Diddeleng déi mei aktiv Ekipp, an hätt mat e bëssi méi Reussite och kéinten a Féierung goen. Virun der Paus sollt sech de Match dunn awer am Mëttelfeld apendelen, sou dass et mat engem 0:0 an d'Kabinne gaangen ass. An der 57. Minutt huet dunn den F91 a Persoun vum Englaro mat engem Distanzschoss aus Ronn 18 Meter den 1:0 konnte schéissen. D'Jeunesse huet de Kapp awer net an de Sand gesat, an huet duerch e Gol vum Garos sech nach ee Punkt konnte séchere.

Péiteng verléiert am eegenem Stadion verdéngt mat 0:2 géint Hueschtert. D'Gäscht hunn aus enger gutt organiséierter Defense d'Lokalekipp zum Verzweifele bruecht. D'Offensivaktioune vun de Péitenger waren iwwert de ganze Match net effikass genuch. Sou ass bis op e kadréierte Schoss keng nennenswäert Offensivaktioun ze notéiere gewiescht. Hueschtert huet hier wéineg Chancen äiskal konnten notzen a steet an der Tabell elo op der 11 Plaz mat 13 Punkten, 4 Punkten hanner Péiteng.

E Sonndeg ginn dann nach déi lescht 5 Matcher vum 15. Spilldag gespillt.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Union Titus Péiteng - US Hueschtert 0:2

0:1 Fernandes (30'), 0:2 Avdusinovic (57')

F91 Diddeleng - Jeunesse Esch 1:1

1:0 Englaro (57'), 1:1 Garos (88')

Racing Union - FC Déifferdeng 1:0

1:0 Mabella (49')

D'Tabell