An der Coupe war e Samschdeg bei den Dammen de leschte Match vun den Aachtelsfinallen.

Um Hesper Holleschbierg kruten Damme vun Hesper et am Kader vun der Coupe des Dames et mam Racing ze dinn. De Gol vum Dag huet d'Sophie Quatrana an der 74. Minutt fir Staater geschoss.

Nieft dem Racing hu sech och nach Déifferdeng, Käerjeng, Ent. Région Moselle, Union Mäertert-Waasserbëlleg, Ent. Wuermer / Mënsbech / CSG, Dikrech a Mamer fir d'Véirelsfinalle qualifizéiert. D'Matcher ginn hei Ufank Mäerz gespillt.

Resultater