Den Éisträicher huet am polneschem Wisla no der Qualifikatioun och dat 1. Sprange gewonnen. Am Schi Alpin gëtt et eng Victoire fir de Marco Odermatt.

Schisprangen

Zu Wisla a Polen huet e Samschdeg den Éisträicher Daniel Tschofenig seng 1. Victoire a senger Karriär konnte feieren. Mat Spreng op 132 a 135,5 Meter setzt sech den Tschofenig knapp virum Schwäizer Gregor Deschwanden duerch. Iwwerdeems huet den Däitsche Pius Paschke säi Gielen Trikot am Weltcup mat senger drëtter Plaz konnte verdeedegen.

Biathlon

Am finneschem Kontiolahti stoung e Samschdeg den Owend de Sprint iwwer 7,5 Kilometer bei den Dammen um Programm. Tschechin Marketa Davidova huet de Sprint mat 0 Feeler um Schéissstand fir sech entscheet. Et ass déi éichte Victoire säit 2021 fir d'Tschechin. Op déi zweete Plaz fiert d'Schweedin Elvira Öberg. Op d'Plazen 3 a 4 klasséieren sech d'Finnin Suvi Minkkinen an d'Franziska Preuß aus Däitschland.

Schi Alpin
De Schwäizer Marco Odermatt huet an de Rocky Mountains an den USA den éischte Super-G vun der Saison virum Fransous Cyprien Sarrazin gewonnen. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir den Éisträicher Lukas Feurstein. Fir ÖSV-Athlet ass et den 1. Podium a senger Karriär.