Dëse Weekend ass an der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball de leschte Spilldag virun der Wanterpaus.

Um Sonndeg sollten eigentlech fënnef Matcher um Programm stoen. Ma de Match tëscht dem Progrès Nidderkuer an dem Swift vun Hesper gouf elo annuléiert. Wéi déi national Futtballfederatioun matdeelt, hätt den Arbitter, deen d'Partie sollt leeden, decidéiert, dass den Terrain zu Déifferdeng an engem ze schlechten Zoustand wier an e Risiko fir d'Gesondheet vun de Spiller géif duerstellen.

D'Spiller vum Swift hate sech jo d'leschte Weekend geweigert, beim Match géint Munneref unzetrieden.