Donieft huet Arsenal just 1:1-Remis zu Fulham gespillt. Wolfsburg spréngt no der Victoire géint Mainz op déi 5. Plaz an der Bundesliga.

An der Serie A leeft et weiderhi gutt fir d'Fiorentina, déi sech no enger Victoire géint Cagliari am Spëtzegrupp konnt behaapten.

Resume vum 15. Spilldag / vum Serge Olmo

Bundesliga

Wolfsburg - Mainz 4:3

0:1 Nebel (11'), 1:1 Amoura (19'), 1:2 Burkardt (39'), 2:2 Hanche-Olsen (57', Selbstgol), 2:3 Nebel (66'), 3:3 Wind (84'), 4:3 Wind (90+4')

Zu Wolfsburg hunn d'Spectateuren eng monter Partie gesinn. Mainz goung zweemol duerch Nebel a Burkardt a Féierung. D'Heemekipp konnt all Kéier duerch Amoura an e Selbstgol vum Hanche-Olsen ausgläichen. Nom 3:2 fir Mainz, op en Neits duerch den Nebel, war d'Moral vun de Wëllef weiderhin intakt. De Wind huet 6 Minutte viru Schluss den 3. Gol fir d'Heemekipp markéiert. Dat war awer nach net de Schlusspunkt. De selwechte Spiller huet mat der leschter Aktioun d'Partie nach komplett gedréint. No engem schlechte Start an d'Saison steet Wolfsburg mëttlerweil op der 5. Plaz an der Tabell.

Hoffenheim - Freiburg 1:1
0:1 Ginter (68'), 1:1 Bischof (73')

Eng Partie ouni vill Héichpunkte gouf et dogéint zu Sinsheim. Nodeems laang net vill passéiert ass, huet de Ginter d'Gäscht a Féierung bruecht. D'Äntwert vun Hoffenheim huet awer net laang op sech waarde gelooss an de Bischof huet den 1:1-Ausgläich markéiert. Um Enn sollten d'Punkten och gedeelt ginn.

Premier League

Fulham - Arsenal 1:1
1:0 Jimenez (11'), 1:1 Saliba (52')

Arsenal war an der 1. Hallschent déi besser Ekipp, konnt déi kompakt Ofwier vu Fulham awer net iwwerwannen. Op der anerer Säit ass d'Heemekipp no engem Konter a Féierung gaangen. No der Paus konnt de Favorit awer séier ausgläichen. D'Gäscht ware weiderhi besser, hunn et awer net méi fäerdeg bruecht, en 2. Gol ze markéieren. Arsenal huet d'Chance verpasst, fir an der Tabell däitlech méi no u Liverpool erunzekommen.

Tottenham - Chelsea 3:4
1:0 Solanke (5'), Kulusevski (11'), 2:1 Sancho (17'), 2:2 Palmer (61', Eelfmeter), 2:3 Fernandez (73'), 2:4 Palmer (84', Eelefmeter), 3:4 Son (90+6')

An enger Partie mat ville Goler huet Chelsea sech um Enn duerchgesat a sech déi 2. Plaz vun Arsenal zeréckeruewert. Tottenham huet ganz gutt an d'Partie fonnt a war séier mat 2:0 vir. D'Gäscht hunn awer net opginn a konnten d'Partie bis an déi 84. Minutt komplett dréinen. Chelsea war deen Ament 4:2 am Avantage. De leschte Gol vun der Partie ass op der Säit vun Tottenham gefall. Et war awer ze spéit, fir de Match nach auszegläichen. D'Heemekipp kënnt net vum Fleck an ass den Ament just op der 11. Tabelleplaz an der Premier League.

Serie A

Florenz - Cagliari 1:0
1:0 Cataldi (24')

Fir Florenz leeft et an Italien weiderhi ganz gutt. No der 1:0-Victoire géint Cagliari bleift een an der Tabell ënnert den éischte 4 Positiounen. An enger Partie ouni vill Héichpunkten ass der Heemekipp e Gol vum Cataldi an der 24. Minutt duergaangen, fir déi 3 Punkten doheem ze halen.

La Liga

Bilbao - Villarreal 2:0
1:0 Paredes (15'), 2:0 Williams (69')

An der Spëtzepartie konnt Bilbao eng Victoire géint Villarreal feieren an déi 4. Plaz virum Géigner, deen eng Plaz hannendru steet, verdeedegen. Ee Gol a béiden Hallschente sinn der Heemekipp duergaangen, fir sech iwwer 3 Punkten ze freeën.