Weidere Succès fir de Pius Paschke am Schisprangen

© afp
De 34 Joer alen Däitsche konnt zu Wisla a Polen op en Neits gewannen a bleift am giele Maillot. Et war déi 3. Victoire vum Paschke an dëser Saison.
Mat Spréng op 136 Meter an 133,5 Meter huet de Pius Paschke sech virum Éisträicher Jan Hörl duerchgesat. De Podium gouf vum 2. Éisträicher Stefan Kraft komplettéiert.
Biathlon
Zu Kontiolahti a Finnland huet sech bei den Hären am Massestart de Fransous Eric Perrot déi 1. Plaz geséchert. De Perrot huet just ee Feeler geschoss an hat eng Avance vu ronn 9 Sekonnen op de Quentin Fillon Maillet och aus Frankräich. De Sturla Holm Laegreid aus Norwegen ass op der 3. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer. Hien hat e Retard vun iwwer 11 Sekonnen.
Bei den Damme war d'Elvira Öberg aus Schweden no 12,5 Kilometer déi séierst Biathletin. Mat engem Retard vun iwwer 16 Sekonnen an 2 Feeler am Schéissen huet d'Franséisin Julia Simon sech op der 2. Plaz klasséiert. D'Franziska Preuss huet och 2 Feeler geschoss an hat op der 3. Plaz e Réckstand vu ronn 19 Sekonnen.