Um Sonndeg stoung de Cross Country am Bambësch um Programm. Um Enn gouf et bei den Hären eng iwwerraschend Victoire fir de Christophe Kass.

Ongewéinlech ass, datt de Cross am Bambësch de lëschte Cross vun der Saison ass an dat schonns am Ufank vum Dezember. Déi Klengst huet dat och net gestéiert. Mat méi wéi 400 jonke Kanner ënner 12 Joer waren och haut nees, wéi schonns op de Crossen an deene leschten zwee Méint, vill Kanner mat vun der Partie, déi sech mat vill Freed a Spaass am Bambësch gemooss hunn.

Mat 16 Seniore war de Cross gutt besat. Et sollt net laang dauere, bis sech den neie Champion Yonas Kinde un d’Spëtzt setzen a vum éischte Kilometer un d’Heft an d’Hand huele sollt. Begleet gouf de Celtics-Leefer vum Junior Pol Stoffel, deen awer méi eng kuerz Distanz gelaf ass. De Stoffel konnt d'Juniors-Course fir sech entscheede. De Kinde louch deemno no der Hallschent vun der Course eleng un der Spëtzt. Net wäit hannendrun war et de Christophe Kass, deen op der zweeter Plaz ënnerwee war. Et hat alles no der zweeter Victoire vum Yonas Kinde ausgesi, ma no 3 vu 4 groussen Tier, ass de Champion du Richtung Arrivée eragelaf an huet sech feiere gelooss. De Celtics-Athlet hat awer nach een Tour ze lafen a gouf no kuerzer Récksprooch vun de Responsaablen zeréck op d’Streck geschéckt.

Zu deem Ament war et awer schonn ze spéit fir de Kinde, fir nach eng Kéier op de Christophe Kass opzeschléissen. De Kass konnt ganz iwwerraschend seng fënneft Victoire an der aktueller Saison feieren.

De Champion Yonas Kinde war iwwert déi zweet Plaz frustréiert, well hien ze fréi iwwer d'Arrivée gelaf war. Drëtte gouf de Matthias Geistor.

Bei den Damme war et Zsanett Moszo dat eng souverän Course gelaf ass. D’Ungarin vum Celtic konnt dem Liz Weiler Tour fir Tour bëssen Zäit ofhuelen a sech sou d’Victoire virum Weiler sécheren. D’Saskia Daguenet vum CSL huet sech op der drëtter Plaz klasséiert.

Sécherlech wäert d’Federatioun lo um Enn vun der Saison analyséiere, wéi den neie System fonctionéiert huet an d’Upassunge fir d’nächst Saison virhuelen.