Rams wanne spektakulär Partie géint Bills, weider knapp Victoire fir Chiefs

© AFP
Donieft setze sech d'Detroit Lions géint d'Green Bay Packers duerch an d'San Francisco 49ers wannen däitlech géint d'Chicago Bears.
Et war en Offensivspektakel tëscht de Buffalo Bills an de Los Angeles Rams. Obwuel d'Bills de Match verluer hunn, huet hire Quarterback Josh Allen eng extra Portioun Luef verdéngt. Hie koum nämlech als éischte Quarterback an der Geschicht vun der NFL op 3 Passing- an 3 Rushing-Touchdowns an engem Match. Domat war hien un alle 6 Touchdowns vu senger Ekipp direkt bedeelegt. Bei de Rams, déi och 6 Touchdowns markéiert hunn, gouf dës e bësse méi opgedeelt. Dobäi koum nach ee Field Goal, esou dass d'Ekipp vu Los Angeles de Match um Enn mat 44 op 42 gewënnt.
D'Detroit Lions wannen hirersäits eng knapp Partie géint d'Green Bay Packers mat 34:31. Bei der Ekipp vu Green Bay war den Josh Jacobs mat dräi Rushing-Touchdowns den opfällegste Spiller, iwwerdeems bei de Lions den Jared Goff, den David Montgomery, den Jahmyr Gibbs an den Tim Patrick iwwerzeege konnten.
Mat den Chiefs, de Bills, de Lions an den Eagles hu sech bis ewell véier Ekippe schonns en Ticket fir d'Playoffs geséchert.
All d'Matcher am Iwwerbléck
Green Bay Packers - Detroit Lions 31:34
New York Jets - Miami Dolphins 26:32
Atlanta Falcons - Minnesota Vikings 21:42
New Orleans Saints - New York Giants 14:11
Carolina Panthers - Philadelphia Eagles 16:22
Cleveland Browns - Pittsburgh Steelers 14:27
Las Vegas Raiders - Tampa Bay Buccaneers 13:28
Jacksonville Jaguars - Tennessee Titans 10:6
Seattle Seahawks - Arizona Cardinals 30:18
Buffalo Bills - Los Angeles Rams 42:44
Chicago Bears - San Francisco 49ers 13:38
Los Angeles Chargers - Kansas City Chiefs 17:19