Alina Zagitova krut zanter 2019 ganzer 554 Protokoller

© AFP
Déi 22 Joer al fréier Olympiagewënnerin Alina Zagitova huet zanter 2019 hire Fürerschäin, mam Code de la route hëlt si et awer net esou genau.
Wéi russesch Medie mellen huet d'Äiskonschtleeferin zanter 2019 schonns ganzer 554 Protokoller kritt. Eleng 2024 huet si 197 Mol géint de Code de la route verstouss.
A 401 Fäll ass d'Goldgewënnerin vu Pyeongchang 2018 ze séier gefuer, 65 Mol huet si Stroosseschëlder ignoréiert, 18 Mol huet si falsch geparkt an 14 Fäll huet si onerlaabt d'Kéier gemaach oder ass op der Busspuer gefuer.
All dës Infraktiounen hunn d'Alina Zagitova bis ewell 497.000 Rubel, also ëmgerechent ronn 4.800 Euro, kascht.
Schonn Enn 2023 war hiert Fuerverhalen eng éischte Kéier Thema an der Ëffentlechkeet. Do hat d'Alina Zagitova, wärend dem Fueren, fir hir Social-Media-Plattforme gefilmt a war dobäi ënnert anerem duerch Rout gefuer.