Real Madrid riskéiert, eliminéiert ze ginn

© AFP
Nach dräi Spilldeeg bleiwen an der Champions League ze spillen, bis feststeet, wien de Sprong an d'KO-Phas gepackt huet.
Mam neie Format, dee jo wéi e Championnat gespillt gëtt, riskéiert virun allem eng grouss Ekipp erauszefalen. An zwar den Titelverdeedeger Real Madrid. Déi spillen en Dënschden auswäerts géint Atalanta Bergamo. Et ass awer net fir d’éischt, dass béid Veräiner dëst Joer géintenee spillen.
Madrid huet Supercup Mëtt August géint Bergamo gewonnen. Dat ass awer keng Garantie, dass et en Dënschdeg och 3 Punkte ginn. Atalanta ass nämlech zanter dem 24. September ongeschloen a steet am italieenesche Championnat op der 1. Platz. E Virdeel am Futtball ass jo bekanntlech en Heemmatch, ma Atalanta huet dësen Avantage awer net ëmmer an d'Kaarte gespillt.
Eng direkt Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinall ass zwar rechneresch fir de Real nach machbar, mee et ass net evident, dëse Sprong op direktem Wee ze packen. Dëse féiert wuel iwwert de Playoff. Falls Madrid géif eliminéiert ginn, wier dat schonn eng déck Iwwerraschung.
E Mëttwoch spillt Dortmund doheem géint Barcelona. D’Ekipp vum Hansi Flick huet bis dato an dëser Champions-League-Saison 18 Goler geschoss an domat méi wéi all aner Ekipp an awer läit de Rimm den Ament e bëssen erof.
An Dortmund? Och wann et an der Bundesliga net esou leeft, weise si, wéi och d'lescht Joer schonn, an der Champions League en anert Gesiicht. Well och de BVB huet, esou wéi Barcelona och, bis dato just eng Partie verluer.
A fir Dortmund géifen déi 3 Punkten e grousse Schratt Richtung Aachtelsfinall bedeiten.
Béid Partië kënnt dir en Dënschdeg, respektiv e Mëttwoch live op RTL Zwee an am Stream op RTL.lu kucken.