Deemno huet d'FLF dräi FIFA-Arbitteren a sechs FIFA-Assistenten.

Wéi déi international Futtballfederatioun der FLF matgedeelt huet, sinn de Jérémy Müller, de Jasmin Sabotic an den Ivo Torres d‘nächst Saison d‘FIFA-Arbittere fir de Lëtzebuerger Verband. Bei den Assistente sti sechs Leit op der Lëscht. Et sinn dat de Rafael Coelho Morim, de Joaquim da Silva, den Dani Dias Balsa, den Tom Hansen, de Yannick Mentz an de Kevin Stammet.