Real Madrid wënnt spannende Match géint Atalanta mat 3:2

© AFP
En Dënschden den Owend stoung an der Champions-League-Ligaphas den Optakt vum 6. Spilldag um Programm.
Bei Atalanta Bergamo géint Real Madrid hunn d'Spectateuren eng animéiert an oppe Partie gesinn, déi d'Spuenier um Enn mat 3:2 gewanne konnten.
No fréiem Réckstand hunn d'Bayern sech däitlech géint Shakthar Donezk duerchgesat, an och de PSG hat keng Problemer zu Salzburg.
Spéit Victoirë gouf et iwwerdeems fir Leverkusen géint Inter Mailand a fir Aston Villa zu Leipzig. Donieft huet Brest sech knapp géint de PSV Eindhoven behaapt, wärend Bruges géint Sporting mat 2:1 gewonnen huet.
Um fréien Owend gouf et tëscht Zagreb a Celtic keng Goler, Liverpool konnt sech dogéint 1:0 zu Girona duerchsetzen a steet domat weider ouni Punktverloscht un der Tabellespëtzt.
Atalanta Bergamo - Real Madrid 2:3
0:1 Mbappé (10'), 1:1 De Ketelaere (45+2', Eelefmeter), 1:2 Vincius (56'), 1:3 Bellingham (59'), 2:3 Lookman (65')
Virun der Partie war Atalanta eng vu just nach dräi ongeschloenen Ekippen an dëser Champions-League-Saison, Real stoung no dräi Néierlagen aus fënnef Matcher ferm ënner Drock. D'Visiteuren hu vun Ufank u gedréckt a sou war et no 10 Minutten den Mbappé, deen no enger gudder Beweegung den 1:0 markéiere konnt.
Et war weiderhi vill Zuch am Match, an op béide Säiten hunn Mbappé a Lookman gutt Chancen op den zweete Gol leie gelooss. Den De Ketelaere gouf e puer Mol a villverspriechend Situatioune bruecht, d'Defense vum Real hat awer ëmmer e Fouss dotëscht. Atalanta huet no an no d'Kontroll vum Match iwwerholl an huet vill Ballverloschter vun de "Kinnekleche" provozéiert, richteg geféierlech ass et awer virum Courtois sengem Gol net ginn.
No 35 Minutten huet den Mbappé missen ugeschloe vum Terrain a gouf vum Rodrygo ersat, e puer Minutten drop huet de Rüdiger d'Chance op den 2:0 net genotzt. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet den Tchouaméni dunn de Kolasinac am Strofraum zu Fall bruecht, wouropshin et Eelefmeter gouf. Den De Ketelaere huet sech der Saach ugeholl an äiskal zum verdéngten 1:1 verwandelt.
No der Paus ass Atalanta weider déi dominant Ekipp bliwwen an hat duerch de Lookman e geféierlechen Ofschloss. Kuerz drop war et awer op der anerer Säit de Vinicius, deen duerch d'Mathëllef vum Ederson fräi virum Gol opgedaucht ass a seng Faarwen nees a Féierung brénge konnt.
Just e puer Minutten drop sollt et nach méi déck fir Bergamo kommen. De Bellingham hat no engem wäite Ball just nach den de Roon viru sech, deen hie stoe gelooss huet a sou fir den 3:1 zu Gonschte vun de Madrilene suerge konnt. Ma d'Lokalekipp huet sech net opginn a weider no vir gespillt, soudass de Lookman no enger gudder Stonn nees verkierze konnt. Hien hat sech géint de Vazquez duerchgesat an dem Courtois mat engem Schoss an de kuerzen Eck keng Chance gelooss.
Den Titelverdeedeger huet d'Partie du besser geréiere kënnen an hat och e puer Geleeënheeten op d'Entscheedung, déi awer ongenotzt bliwwe sinn. An der Schlussphas huet d'Lokalekipp alles probéiert fir nach ee Punkt zu Bergamo ze halen, de Retegui huet an der leschter Minutt awer déi grouss Chance op den 3:3 leie gelooss, woumat Real sech déi éischt Punkten op friemem Terrain séchert.
Girona - Liverpool 0:1
0:1 Salah (63', Eelefmeter)
Dinamo Zagreb - Celtic Glasgow 0:0
Bayer Leverkusen - Inter Mailand 1:0
1:0 Mukiele (90')
RB Leipzig - Aston Villa 2:3
0:1 McGinn (3'), 1:1 Openda (27'), 1:2 Duran (52'), 2:2 Baumgartner (62'), 2:3 Barkley (85')
Bruges - Sporting CP 2:1
0:1 Catamo (3'), 1:1 Quaresma (24', Selbstgol), 2:1 Nielsen (84')
Shakthar Donezk - Bayern München 1:5
1:0 Kevin (5'), 1:1 Laimer (11'), 1:2 Müller (45'), 1:3 Olise (70', Eelefmeter), 1:4 Musiala (87'), 1:5 Olise (90+3')
RB Salzburg - PSG 0:3
0:1 Ramos (30'), 0:2 Mendes (72'), 0:3 Doué (85')
Stade Brest - PSV Eindhoven 1:0
1:0 Le Cardinal (43')
All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.