Donieft ass zanter en Donneschdeg och offiziell, wou d'WM 2030 gespillt wäert ginn.

De Futtball-Weltverband, FIFA, huet e Mëttwoch op engem ausseruerdentleche Kongress festgehalen, datt d'Weltmeeschterschaft 2030 vu Spuenien, Portugal a Marokko organiséiert gëtt. Well et zu deem Ament awer 100 Joer sinn, datt déi éischt WM an Uruguay gespillt gouf, sinn och Matcher a Paraguay, Argentinien an eeben och Uruguay virgesinn.
 
D'Weltmeeschterschaft 2034 ass a Saudi-Arabien. Dofir gouf et an der Vergaangenheet ëmmer nees Kritik. Dem Land gëtt jo säitens Aktivisten ëmmer nees virgehäit, sech net un d'Mënscherechter ze halen, respektiv se komplett z'ignoréieren.
 
Fir déi zwee Turnéier goufen et keng Géigestëmmen, esou datt "par acclamation" bei der FIFA ofgestëmmt gouf.