Wie gëtt de Successeur vum Luke Humphries?
Vum 15. Dezember bis den 3. Januar gëtt am Alexandra Palace zu London d'PDC-Darts-Weltmeeschterschaft gespillt.
Bei der 32. Darts-WM si 96 Participanteë mat dobäi. Gespillt gëtt ëm déi sougenannte "Sid-Waddell-Trophy", awer och ëm insgesamt ronn 3 Milliounen Euro. Dovunner ginn ënner anerem ronn 600.000 Euro un de Weltmeeschter.
Déi 32 bescht Spiller aus der PDC-Weltranglëscht hunn an der 1. Ronn e Fräilous a sinn esou scho fir déi 2. Ronn qualifizéiert.
Dëst Joer hu sech och nees zwou Damme qualifizéiert. Engersäits d'"Queen of the Alexandra Palace”, d'Fallon Sherrock. Anersäits ass mam Noa-Lynn van Leuven déi éischte Kéier eng transgender Fra mat dobäi.
Mam fënneffache Weltmeeschter (eemol bei der PDC, véiermol bei der BDO) Raymond Van Barneveld an dem WM-Gewënner vun 2015 an 2016, dem Gary Anderson, sinn och nees zwou Dartslegenden am Ally Pally mat um Dill. Virun allem den Anderson, och genannt "The Fyling Scotsman", ass rezent an enger gudder Form.
Zanter 2007 gëtt d'WM am berüümten Alexandra Palace am Norde vu London organiséiert. Ronn 3.000 Spectateuren passen an den “Ally Pally”. Et ginn ëmmer rëm Spekulatioune fir d'Darts-WM op enger anerer Plaz ze organiséieren. Saudi-Arabien ass do ënner anerem am Gespréich.
Wie sinn déi grouss Favoritten?
De Luke Humphries als Weltmeeschter an de Finalist vum leschte Joer Luke Littler zielen dëst Joer zu deene grousse Favoritten. Den Humphries huet nieft dem WM-Titel dëst Joer zwee weider grouss Tournoien (World Matchplay a Players Championship) gewonnen a reest als Nummer 1 vun der PDC-Weltranglëscht op London. E Sonndeg den Owend kritt et den Englänner am leschte Match vum Owend entweder mam Thibault Tricole oder dem Joe Comito ze dinn. Dat réischt 17 Joer jonkt Darts-Talent Luke Littler huet och dëst Joer nees etlech Rekorder gebrach. Als Nummer 4 vun der Welt a mat 3 gewonnene Major-Titelen (Premier League, World Series Finals a Grand Slam) am Réck kéint "The Nuke" dëst Joer dee jéngste Weltmeeschter an der Geschicht ginn. 2014 ass dat dem Michael Van Gerwen am Alter vu 24 Joer gelongen. Eng weider Finall tëscht deenen zwee Luke'en wäert et den 3. Januar awer net ginn. Am beschte Fall kéinten déi zwee Finaliste vum leschte Joer schonn an der Halleffinall openeen treffen.
Wie muss een nach op der Rechnung hunn?
No 5 Joer ouni WM-Titel wëll och de Michael Van Gerwen nees ëm d'Weltmeeschterkroun matspillen. D'Joer 2024 ass fir den 3-fache Weltmeeschter awer alles anescht wéi gutt verlaf. Op deene leschte véier Turnéiere koum den Hollänner nëmmen eng Kéier méi wäit fir déi 1. Ronn. D'Nummer 3 vun der Welt géing deenen zwee Favoritten Humphries a Littler an engem optimalen Turnéierverlaf bis zur Finall aus dem Wee goen.
Änlech enttäuschend ass d’Saison vun deenen 3 fréiere Weltmeeschtere Michael Smith, Gerwyn Price a Peter Wright verlaf. D'Schlussvictoire wier fir déi Dräi eng grouss Iwwerraschung.
Aussesäiterchancë ginn et ënner anerem fir den Dave Chinsall, den Jonny Clayton, de Stephen Bunting an den Damon Heta. Donieft däerf een awer och gespaant sinn, wéi sech déi zwee hollännesch Talenter Wessel Nijman an Gian Van Veen, wéi och de belsche Vainqueur vum "World Grand Prix" Mike De Decker wäerten aus der Affär zeien.
Am Kader vun der PDC-Weltmeeschterschaft war den aktuelle Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer dës Woch Invité an eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk”. Beim Sam Rickal huet hien ee Bléck op d'WM gehäit. Donieft huet de Spiller vum DC Brooklyn Zoo och erkläert, wéi den Dartssport am Grand-Duché opgebaut ass a wéi et ass, op internationalen Tournoien ze spillen.