Victoire fir d'Jeunesse am Escher Derby, Remis tëscht Nidderkuer an Hesper

© Eugène Thommes
D'Jeunesse louch 0:2 géint d'Fola hannen, konnt de Match awer komplett dréinen a 4:2 gewannen. Hueschtert huet sech knapp géint Rodange duerchgesat.
Donieft gouf et en 1:1-Remis tëscht Nidderkuer an Hesper.
Um Mëttwochowend goufen am nationale Futtball zwee Nodrosmatcher vum 14. Spilldag an eng Partie vum 15. Spilldag gespillt.
Am Kader vum 14. Spilldag huet sech d'Jeunesse am Escher Derby géint d'Fola mat 4:2 duerchgesat. D'Doyenne huet staark ugefaangen a war no 12 Minutte schonns 2:0 vir. Den Amou hat mat engem Noschoss getraff an de Bari hat en direkte Fräistouss am Filet ënnerbruecht. D'Jeunesse koum guer net an de Match an hat Chance, datt d'Fola bis an d'Paus nach zwou grouss Méiglechkeeten net notze konnt. An der 2. Hallschent war et e ganz anert Bild um Terrain. D'Heemekipp konnt an der 62. Minutt duerch den Todorovic op 1:2 verkierzen. Duerno goung d'Show vum Correia lass. Tëscht der 68. an der 84. Minutt huet de Spiller dräimol an de Filet getraff a fir d'Virentscheedung gesuergt. Besonnesch war och, datt de Correia réischt an der 59. Minutt agewiesselt gouf.
Hueschtert huet donieft an enger geckeger Partie mat 4:3 géint Rodange gewonnen. D'Heemekipp war schonns 3:0 vir, ier Rodange banne 7 Minutten op 3:3 erukomm ass. Den Tibor huet senge Faarwen duerch de 4. Gol awer déi 3 Punkte geséchert. D'USH konnt sech domadder an der Tabell e bësse Loft no ënne verschafen.
Fir de Kader vum 15. Spilldag huet Hesper den éischte Match no hirem Protest zu Nidderkuer gespillt. D'Partie war um Weekend wéinst dem schlechten Zoustand vum Terrain ofgesot ginn. Um Enn hu béid Ekippen 1:1 gläich gespillt. An enger gudder 1. Hallschent war op béide Säite vill lass a béid Ekippe konnten duerch Correia a Mixtur ee Gol markéieren. Nom Téi huet de Match vun der Spannung gelieft, e weidere Gol sollt awer net méi falen. Hesper huet an der Tabell op der 4. Plaz 10 Punkte Retard op de Leader Déifferdeng. De Progrès läit eng Plaz hannendrun.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun den Nodrosmatcher mat de Goler
14.Spilldag:
Jeunesse Esch - Fola Esch 4:2
0:1 Amou (6'), 0:2 Bari (12'), 1:2 Todorović (62'), 2:2 Rodrigues (68'), 3:2 Rodrigues (78'), 4:2 Rodrigues (84')
Hueschtert - Rodange 4:3
1:0 Fernandes (18'), 2:0 Avdusinovic (52'), 3:0 Avdusinovic (63', Eelefmeter), 3:1 Marta Lopes (66'), 3:2 Marta Lopes (70'), 3:3 Atieda (73', Eelefmeter), 4:3 Tibor (81')
15. Spilldag:
Progrès - Hesper 1:1
0:1 Correia (8'), 1:1 Mixtur (20')