No enger éischter Hallschent ouni Goler ass de Spektakel nom Säitewiessel lassgaangen a Barcelona huet sech mat 3:2 zu Dortmund behaapt.

Et war eng animéiert Partie zu Dortmund, an där d'Goler all an der 2. Hallschent gefall sinn. Et war déi 1. Defaite fir Dortmund an dëser Saison virum eegene Public. Mann vum Match war de Ferran Torres, deen no senger Awiesslung zweemol markéiert huet. Barcelona läit elo op der 2. Plaz an der Tabell.

Donieft gouf et Victoirë fir Arsenal géint Monaco a fir Juventus géint Manchester City. D'Englänner rëtschen ëmmer méi déif a sinn an der Tabell just nach op der 22. Plaz. AC Mailand hat géint Belgrad Krämpes, konnt sech awer knapps behaapten.

Kee Gol ass tëscht Benfica a Bologna gefall. De Leandro Barreiro souz de ganze Match op der Bänk.

Stuttgart louch séier hanne géint Bern, huet d'Partie um Enn awer souverän fir sech entscheet. Fir Bern war et domadder den Out aus der Champions League. Feyenoord huet och kloer géint Prag d'Iwwerhand behalen.

Am fréien Owend konnten Atlético géint Bratislava a Lille géint Graz hir Matcher gewannen. Bratislava ass domadder och eliminéiert.

Champions League/Reportage Jeff Kettenmeyer

Dortmund - Barcelona 2:3
0:1 Raphinha (53'), 1:1 Guirassy (60', Eelefmeter), 1:2 Ferran Torres (75'), 2:2 Guirassy (78'), 2:3 Ferran Torres (84')

D'Goler vun der Partie Dortmund - Barcelona
Dortmund koum zweemol zréck, de Ferran Torres huet de Match mat sengem 2. Gol entscheet.

D'Spectateuren hunn an den éischten 30 Minutten e montere Match gesinn. Barcelona huet et den Dortmunder duerch fréie Pressing schwéier gemaach an hat ganz gutt Chancen. No 3 Minutten hu Lewandowski a Raphinha kuerz noeneen de Ball am 5-Meter-Raum net getraff. Ronn 10 Minutte méi spéit huet de Yamal de Raphinha am Strofraum fräi gespillt, de Stiermer konnt de Ball awer net am Gol ënnerbréngen.

Lues a lues koum awer och d'Heemekipp besser an d'Partie. No engem flotte Solo iwwer riets vum Duranville konnt de Sabitzer déi präzis Flank net verwäerten. De BVB krut déi staark Offensivrei vu Barcelona ëmmer méi an de Grëff. Barcelona hat méi de Ball, koum awer just nach duerch de Koundé zu enger Golchance. Bis an d'Paus sinn awer keng Goler méi gefall.

Nom Säitewiessel ass et weider animéiert weidergaangen an et waren d'Gäscht, déi den 1. Gol markéiere konnten. No engem laange Ball vum Olmo ass de Raphinha eleng op de Gol gelaf an huet de Ball eragesat.

D'Freed huet awer net laang gedauert, dunn huet de Cubarsi de Guirassy am Strofraum gestouss an dem Arbitter blouf näischt aneres iwwreg, wéi op de Punkt ze weisen. De Stiermer vun Dortmund huet sécher verwandelt.

An der Suite ass et méi hektesch ginn an et goufen op béide Säiten eng Partie Kaarte verdeelt. An der 69. Minutt hat den Olmo nees d'Chance, d'Gäscht a Féierung ze bréngen, de Kobel huet awer paréiert. 6 Minutte méi spéit konnt den agewiesselte Ferran Torres Barcelona 2:1 vir bréngen. De Kobel hat dem Fermin säi Schoss ofgewiert, géint den Noschoss war awer näischt ze maachen.

Op en Neits huet d'Reaktioun vum BVB net laang op sech waarde gelooss. Nodeems de Guirassy nach eng grouss Chance op den 2:2 leie gelooss hat, huet de Stiermer et an der 78. Minutt besser gemaach an de Match ausgeglach.

An der Schlussphas war et eng oppe Partie, den nächste Gol ass duerch de Ferran Torres nees op Säite vun de Spuenier gefall. D'Heemekipp huet alles probéiert, konnt awer den 3. Gol net méi markéieren. Barcelona feiert an engem flotte Match eng 3:2-Victoire.

Bescht Zeene vun der Partie BVB - Barcelona
Op béide Säite gouf et nieft de Goler och eng Rei Chancen, déi net genotzt goufen.

Atlético - Bratislava 3:1
1:0 Alvarez (16'), 2:0 Griezmann (42'), 2:1 Strelec (51', Eelefmeter), 3:1 Griezmann (57')

De Resumé vun der Partie Atlético Madrid - Bratislava
De Favorit aus Spuenien huet sech duerchgesat.

Lille - Graz 3:2
1:0 Sahraoui (37'), 2:0 Bakker (45+2'), 2:1 Kiteishvili (45+5'), 2:2 Biereth (47'), 3:2 Haraldsson (81')

De Resumé vun der Partie Lille - Graz
D'Gäscht koume no Réckstand zréck, Lille huet um Enn awer d'Iwwerhand behalen.

AC Mailand - Belgrad 2:1
1:0 Leao (42'), 1:1 Radonjic (67'), 2:1 Abraham (87')

Arsenal - Monaco 3:0
1:0 Saka (34'), 2:0 Saka (78'), 3:0 Havertz (88')

De Resumé vun de Partien Arsenal - Monaco an AC Mailand - Belgrad
Monaco hat beim Arsenal keng Chance, Mailand huet réischt an der Schlussphas den entscheedende Gol markéiert.

Benfica - Bologna 0:0

Juventus - Manchester City 2:0
1:0 Vlahovic (53'), 2:0 McKennie (75')

De Resumé vun de Partië Juventus - ManCity a Benfica - Bologna
Déi al Damm setzt sech géint City duerch. Keng Goler sinn tëscht Benfica a Bologna gefall.

Feyenoord - Sparta Prag 4:2
1:0 Trauner (8'), 2:0 Paixao (10'), 3:0 Moussa (30'), 3:1 Rrahmani (43'), 4:1 Gimenez (63'), 4:2 Beelen (80'm, Selbstgol)

Stuttgart - Young Boys Bern 5:1
0:1 Lakomy (6'), 1:1 Stiller (25'), 2:1 Millot (54'), 3:1 Führich (61'), 4:1 Vagnoman (66'), 5:1 Keitel (76')

Resumé vun de Partië Feyenoord - Prag a Stuttgart - Bern
Béid Heemekippen hu kloer Victoirë gefeiert.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.