Den Dommaraju Gukesh, deen 18 Joer al ass, krut 1,3 Milliounen Dollar fir de WM-Titel.

Dat gouf et nach ni. Mat grad emol 18 Joer ass den Inder Dommaraju Gukesh Schach-Weltmeeschter ginn. Domadder ass hien de jéngste Weltmeeschter, deen et bis elo an dëser Sportaart gouf.
 
No iwwer 4 Stonnen huet den 31 Joer alen Ding Liren no engem Feeler am 14. Spill opginn. Wärend 17 Deeg hu sech béid Spiller zu Singapur duelléiert. 
 
Fir béid Kontrahenten huet et sech finanziell rentéiert. Den Dommaraju Gukesh krut 1,3 Milliounen Dollar fir de WM-Titel an de Ding Liren ëmmerhin nach 1,2 Milliounen.
 
Den Dommaraju Gukesh ass réischt den zweeten Inder, dee Schach-Weltmeeschter ginn ass. 2013 hat de Viswanathan Anand säi WM-Titel un den Norweger Magnus Carlsen verluer.