Um sechste vun aacht Spilldeeg maachen d'Belsch mam Nationalgolkipp Anthony Moris e grousse Sprong no Vir.

Nach ass fir de Lëtzebuerger Nationalgolkipp a d'Union Saint-Gilloise alles dran, a si hunn et no der Victoire géint den OGC Nice esouguer selwer an der Hand. Ma emol vu Vir. No 33 Minutte sinn d'Belsch doheem a Féierung gaangen, dat duerch e Gol vum Ivanovic. D'Fransouse vun der Côte d'Azur hu sech dëst awer net laang gefale gelooss an nach an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent duerch de Guessand zeréckgeschloen. Nom Pausentéi hunn d'Zuschauer laang op e weidere Gol misste waarden, well et huet bis zu der 92. Minutt gedauert, bis den Ivanovic nees markéiere konnt an domadder de Belsch kuerz viru Schluss vun der Partie dräi wichteg Punkte konnt sécheren.

An enger weider Partie vun 18.45 Auer hat den AS RoumSporting Braga op Besuch. Fréi sinn d'Italiener a Féierung gaangen, dat no 11 Minutten duerch de Pelligrini. Nach méi séier ware si awer nom Säitewiessel, well keng zwou Minutten dono huet den Abdulhamid op 2:0 erhéicht. D'Rout Kaart vum Matheus an der 68. Minutt huet d'Missioun vu Braga nach méi schwéier gemaach an an der 91. Minutt huet den Hermoso vun der Iwwerzuel profitéiert, fir op 3:0 fir d'Réimer ze setzen.

Déi aner Ekipp aus Roum huet am Spéitmatch hir Positioun un der Spëtzt vun der Europa-League-Tabell confirméiert. Lazio konnt sech mat 3:1 zu Amsterdam duerchsetzen. Och hei war de Gol fir d'Réimer fréi gefall, den Tchaouna hat no 12 Minutte markéiert. Kuerz no der Paus hat den Traore da kuerz op 1:1 gesat, ma no 52 Minutten huet den Dele-Bashiru Lazio nees a Féierung bruecht. An der 77. Minutt huet den Pedro dunn op 3:1 erhéicht an domadder scho fir eng kleng Virentscheedung esou spéit am Match gesuergt. Beim deem Resultat sollt et dann och bis zum Schluss bleiwen.

Déi komplett Resultater

D'Tabell