D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ass am Grupp A.

E Freideg an der Mëttesstonn war zu Zürich an der Schwäiz den Tirage vun de Gruppe fir déi nächst Qualifikatioun fir d’Futtball-Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexico. D'WM an zwee Joer gëtt fir d'éischte Kéier mat 48 Ekippe gespillt.

D'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp kritt et am Grupp A mam Gewënner aus der Véierelsfinall-Partie an der Nations League Däitschland géint Italien ze dinn. Weider Géigner sinn d'Slowakei an Nordirland. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller Laurent Jans ass dëst e ganz schwéiere Grupp. "Et muss eis bewosst sinn, datt dat ee ganz schwéiere Grupp ass, dee mir do erwëscht hunn. Et ass net evident, do Punkten ze kréien."  Dat lescht Duell mat eisen däitschen Noperen geet zeréck an d‘Joer 2006. Déi lescht Partie géint Italien ass 10 Joer hir. D’Virfreed op déi zwee Matcher géint eng vun deenen groussen zwou Natiounen ass natierlech grouss.

Wat sinn d'Reegele vun der Zéiung?

54 europäesch Natioune ware fir d'Auslousung op 5 Dëppen opgedeelt. Am Ganze ginn et zwielef Gruppe vun A bis L. D'Gruppen A bis F bestinn aus véier Ekippen an d'Gruppe G bis L aus fënnef. Déi zwielef Gruppenéischt qualifizéiere sech direkt, déi véier weider Plaze vun de 16 europäesche Startplaze ginn duerch e Playoff ermëttelt. Do spillen déi zwielef Gruppenzweet an déi véier beschtplacéiert Gruppegewënner aus der Nations League, déi nach net qualifizéiert sinn.

D'Gruppephas vun der WM-Qualifikatioun (Aller- a Retourmatcher) fänkt am Mäerz un an dauert bis November 2025, de Playoff gëtt am Mäerz 2026 gespillt. D'Gruppe mat 5 Ekippe starten am Mäerz an déi mat 4 Ekippen eréischt am September.

Den Iwwerbléck vun de Gruppen

Nach ass d'Auslousung net ganz fäerdeg an d'Gruppe sinn nach net all komplett.

Grupp A

Gewënner Däitschland / Italien
Slowakei
Nordirland
Lëtzebuerg

Grupp B

Schwäiz
Schweden
Slowenien
Kosovo

Grupp C

Verléierer Portugal / Dänemark
Griichenland
Schottland
Belarus

Grupp D

Gewënner Frankräich / Kroatien
Ukrain
Island
Aserbaidjan

Grupp E

Gewënner Spuenien / Holland
Tierkei
Georgien
Bulgarien

Grupp F

Gewënner Portugal / Dänemark
Ungarn
Irland
Armenien

Grupp G

Verléierer Spuenien / Holland
Polen
Finnland
Litauen
Malta

Grupp H

Éisträich
Rumänien
Bosnien-Herzegowina
Zypern
San Marino

Grupp I

Verléierer Däitschland / Italien
Norwegen
Israel
Estland
Moldawien

Grupp J

Belsch
Wales
Nordmazedonien
Kasachstan
Liechtenstein

Grupp K

England
Serbien
Albanien
Lettland
Andorra

Grupp L

Verléierer Frankräich / Kroatien
Tschechien
Montenegro
Färöer Inselen
Gibraltar