No weiderem Réckschlag
Jenny Warling ass nees am Training mam Fokus op d'Weltmeeschterschaft
Am Dossier vun de Blessure beim Jenny Warling ass am September eng Säit bäi komm.
Bei engem Tournoi zu Salzburg huet d’Jenny Warling sech un der Schëller blesséiert. Wéi d'Karateka nees zu Lëtzebuerg war, goung et relativ séier ënner d'Messer, well sech erausgestallt huet, dass e Stéck Knorpel ofgebrach war. Den Ament ass d'Jenny Warling nees mam Training amgaangen. Den Haaptfokus ass d’Weltmeeschterschaft d'nächst Joer.
Am meeschte gelies