Raphael Duarte an Elversberg sinn Tabelleleader an der 2. Bundesliga

© Arnaud Serexhe
Hannendru steet de Mathias Olesen mam 1. FC Köln op der zweeter Plaz.
Sonndeg
An der zweeter däitscher Bundesliga ass den SV Elversberg mam Lëtzebuerger Co-Trainer Raphael Duarte neien Tabelleleader. No enger 3:0-Victoire zu Braunschweig e Sonndeg sti si mat 28 Punkten un der Spëtzt.
Punktgläich op der zweeter Plaz steet den 1. FC Köln, fir deen et e Sonndeg en 3:1-Succès géint den 1. FC Nürnberg gouf. De Mathias Olesen stoung dëse Weekend net am Kader.
A Bulgarien steet de Mica Pinto mam ZSKA Sofia an der nächster Ronn vun der Coupe. An der 1/8-Finall gouf et eng 3:2-Victoire bei Spartak Varna. De Lëtzebuerger Defenseur stoung dobäi de ganze Match um Terrain.
Samschdeg
An der Bundesliga stoung den Danel Sinani bei der 0:2-Defaite géint Bremen an der Startopstellung vu St. Pauli. De Lëtzebuerger krut no 63 Minutten eng giel Kaart a gouf an der 89. Minutt ausgewiesselt.
Mönchengladbach huet sech doheem mat 4:1 géint den Opsteiger aus Kiel behaapt. Den Yvandro Borges ass no senger laanger Verletzung nees am Training, fir an de Kader geet et awer nach net duer.
An der zweeter Liga an der Belsch huet Francs Borains 1:0 auswäerts géint d'U23 vun Anderlecht gewonnen. Den Alessio Curci stoung an der Startformatioun a gouf no 70 Minutten beim Stand vun 1:0 erofgeholl.
Am Aserbaidschan ass Sabah Baku eng 1:0-Victoire beim Tabelleleader Araz gelongen. De Vincent Thill ass an der 68. Minutt agewiesselt ginn, ronn 10 Minutten drop ass de Gol fir seng Ekipp gefall. Et war den 2. Asaz no senger laanger Verletzung.
An der 2. Bundesliga hu Magdeburg an den Tabelleleader Paderborn 1:1 gläichgespillt. Den Eldin Dzogovic stoung bei Magdeburg net am Kader.
Ee geckege Match gouf et an der 3. däitscher Liga tëscht Sandhausen an Aue. Um Enn huet et 6:4 fir d'Gäscht aus Aue geheescht, bei deenen den Tim Kips net am Kader stoung.
Och den Olivier Thill war an der éischter ukrainescher Liga beim 1:1 tëscht PFK Olexandrija a senger Ekipp LNZ Cherkasy net dobäi. Hien hat am leschte Match seng 5. giel Kaart kritt a war dowéinst e Samschdeg gespaart.
Freiden
An der zweeter franséischer Liga huet Bastia sech mat 3:1 géint Guingamp duerchgesat. De Florian Bohnert war bei Bastia an der Startformatioun an huet déi 90 Minutten duerchgespillt.
Fir de Laurent Jans gouf et mat Beveren an der zweeter belscher Liga eng Victoire géint Lierse SK. Mat 1:0 huet d'Ekipp vum Kapitän vun de Roude Léiwe sech behaapt, woumat een an der Tabell laanscht Lierse zitt.
An der éischter Liga a Rumänien huet Hermannstadt mam Vahid Selimovic auswäerts géint Botosani gewonnen. De Lëtzebuerger huet beim 2:1-Erfolleg ugefaangen, krut no 45 Minutten eng giel Kaart a gouf eng 10 Minutte viru Schluss ausgewiesselt.
An der zweeter Divisioun an Holland gouf et fir Den Bosch en 1:1 géint déi zweet Ekipp vu PSV Eindhoven. Den David Jonathans war op Säite vun Den Bosch am Kader, hien ass awer net zum Asaz komm.