Am Biathlon goufen et an der Poursuite Victoirë fir d'Lou Jeanmonnot an de Johannes Thingnes Bø.

Schi Alpin 

Am Val d'Isère a Frankräich konnt just de Marco Odermatt en éisträicheschen Doublé verhënneren. Mat just 8 Honnertstel Virsprong op de Patrick Feurstein huet den Odermatt sech säin éischte Succès vun der Saison am Riseslalom geséchert. De Stefan Brennsteiner huet sech mat engem Retard vun 12 Honnertstel als 3. klasséiert.

Biathlon 

Zu Hochfilzen an Éisträich konnt d'Lou Jeanmonnot déi éischt Poursuite vun der Saison iwwer 10 Kilometer fir sech entscheeden. D'Franséisin huet kee Feeler geschoss an hat eng Avance vu gutt 30 Sekonnen op d'Vanessa Voigt aus Däitschland, déi och ouni Feeler bliwwen ass. Hir Kompatriotin Franziska Preuß huet de Podium mat 3 Feeler komplettéiert.

Nodeems de Johannes Thingnes Bø e Freideg schonn de Sprint zu Hochfilzen gewanne konnt, geet trotz zwee Feeler och d'Poursuite iwwer 12,5 Kilometer un den Norweger. Domat kann hie säi gielen Trikot verdeedegen. De Fransous Emilien Jacquelin an den Norweger Sturla Holm Laegreid si mat jeeweils engem Feeler op d'Plazen 2 an 3 komm. De Bø huet de Jacquelin an der leschter Ronn mat engem ëmstriddene Manöver iwwerholl, bei deem hien dem Fransous ongewollt op de Schi getrëppelt ass.

Schisprangen

Bei den Dammen huet d'Katharina Schmid hire Konkurrentinnen zu Zhangjiakou a China keng Chance gelooss. Mat 27 Punkten Avance huet déi Däitsch sech déi zweet Victoire vun der Saison geséchert. D'Norwegerin Eirin Kvandal an d'Slowenin Nika Prevc hu sech op d'Plazen 2 an 3 klasséiert.

An och bei den Häre gouf et nees eng däitsch Victoire. De Pius Paschke huet seng gutt Form confirméiert an ass beim Heemspill zu Titisee-Neustadt op déi éischt Plaz gesprongen. Komplettéiert gouf de Podium vum Schwäizer Gregor Deschwanden an dem Daniel Tschofenig aus Éisträich.