Am Schisprangen leeft fir den Däitsche grad alles perfekt. No der Victoire e Samschdeg konnt hie sech och e Sonndeg rëm zu Titisee-Neustadt duerchsetzen.

Schisprangen

De Pius Paschke huet seng aktuell exzellent Form eng weider Kéier ënner Beweis gestallt an e Sonndeg schonn déi drëtt Victoire vun dëser nach jonker Saison gefeiert. Den Däitsche stoung am Schisprangen zu Titisee-Neustadt mat 290.40 Punkte ganz knapp virum Éisträicher Michael Hayböck (290 Punkten) an dem Norweger Kristoffer Eriksen Sundal (284.70 Punkten) op der éischter Plaz.

Schi Alpin

Am Slalom vun den Hären huet sech e Sonndeg zu Val d'Isère den Norweger Henrik Kristoffersen d'Victoire geholl. Hie louch um Enn mat engem Ecart vun 0.52 Sekonne viru sengem Landsmann Atle Lie McGrath an 0.89 Sekonne virum Schwäizer Loïc Meillard.

Bei den Dammen huet sech d'Sofia Goggia bei hirem Comeback am Super G zu Beaver Creek direkt mat engem Succès gekréint. D'Italienerin, déi eng laang Verletzungspaus hannert sech hat, stoung no engem Duerchgang mat 0.48 Sekonne virum Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz an 0.55 Sekonne virun dem Ariane Rädler aus Éisträich.

Biathlon

Am Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen stoung bei de Männer d'Staffel iwwer 4x7.5 Kilometer um Programm. Hei konnt sech op en neits Frankräich d'Victoire sécheren, dat ouni Feeler beim Schéissen an engem Chrono vun 1:23:04.30 Stonn. Hannendrun ass Norwegen mat engem Feeler an engem Ecart vun 49 Sekonnen op déi zweet Plaz komm a Schweden gëtt mat engem Feeler an engem Ecart vun 1:59.20 Minutt den Drëtten.

Bei den Damme gouf et an der Staffel iwwer 4x6 Kilometer eng Victoire fir d'Ekipp aus Däitschland mat engem Chrono vun 1:16:13.70. Um Enn hate si ouni ee Feeler beim Schéissen ee komfortabele Virsprong vun 1:05.70 Minutt op Frankräich (1 Feeler) a vun 1:31.80 Minutt op Schweden (1 Feeler).