Bills wannen Offensivspektakel géint Lions, Eagles klappe Steelers

© AFP
Donieft setze sech d'Packers géint d'Seahawks duerch, d'Buccaneers wannen däitlech géint d'Chargers an d'Rams klappen d'49ers.
Jiddereen, deen de Match tëscht de Buffalo Bills an den Detroit Lions gekuckt huet, ass op seng Käschte komm. D'Bills wannen um Enn 48 op 42, et war ee richtegt Offensivspektakel. De Star-Quarterback vun de Bills, den Josh Allen, huet no senger extraordinärer Performance an der Week 14 och e Sonndeg nees méi wéi iwwerzeegt. Ma och de Lions-Quarterback Jared Goff huet sech mat 5 Touchdown-Passen ausgezeechent. Fir d'Bills an den Josh Allen war et no der knapper Néierlag d'lescht Woch gutt, sech géint d'Lions, déi bis dohinner eréischt ee Match verluer haten, zeréckzekämpfen. Béid Ekippe waren allerdéngs schonns virum Match fir d'Playoffs qualifizéiert.
Dëse Weekend hunn iwwerdeems dräi weider Ekippen hiren Ticket fir d'Playoffs kritt. D'Pittsburgh Steelers, d'Houston Texans an d'Minnesota Vikings kënne sech freeën a weider vum Super Bowl dreemen. Virdru ware jo schonns mat de Bills, Chiefs, Eagles a Lions 4 Ekippe qualifizéiert.
All d'Matcher am Iwwerbléck
Los Angeles Rams - San Francisco 49ers 12:6
Dallas Cowboys - Carolina Panthers 30:14
Kansas City Chiefs - Cleveland Browns 21:7
Miami Dolphins - Houston Texans 12:20
New York Jets - Jacksonville Jaguars 32:25
Washington Commanders - New Orleans Saints 20:19
Baltimore Ravens - New York Giants 35:14
Cincinnati Bengals - Tennessee Titans 37:27
New England Patriots - Arizona Cardinals 17:30
Indianapolis Colts - Denver Broncos 13:31
Buffalo Bills - Detroit Lions 48:42
Tampa Bay Buccaneers - Los Angeles Chargers 40:17
Pittsburgh Steelers - Philadelphia Eagles 13:27
Green Bay Packers - Seattle Seahawks 30:13