"Et ass eng flott Momentopnam, méi och net", esou de Raphael Duarte

© Arnaud Serexhe
Den SV Elversberg steet no 16 Spilldeeg déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht un der Tabellespëtzt vun der 2. däitscher Futtball-Bundesliga.
Mattendran an net just dobäi ass de Raphael Duarte. Den 28 Joer ale Lëtzebuerger ass elo zanter ronn 3 Joer Co-Trainer zu Elversberg.
"Et ass eng flott Momentopnam, méi och net. Am Fussball deet ee gutt drun, no Néierlagen net ze vill bedréckt ze sinn an och no Victoiren an a gudde Phasen net ze euphoresch ze sinn an einfach weider ze schaffen. Perséinlech sinn ech derbäi, erëm deen dote Match nozeanalyséieren, d'nächst Woch ze preparéieren, Schalke virzebereeden. Et ass eng kuerz Woch, e Freide geet et scho weider, dat heescht, mir hunn net vill Zäit, fir den nächste Match ze preparéieren an esou denkt elo kee groussaarteg drun, wou mer an der Tabell stinn, mee et geet einfach direkt schonn a fënnef Deeg weider."
Elversberg huet no 16 Spilldeeg 8 Matcher gewonnen, 4 gläichgespillt a 4 verluer. D'Ekipp mam Co-Trainer Raphael Duarte huet un der Tabellespëtzt 28 Punkten, punktgläich mam 1.FC Köln a mat Paderborn. Fir de fréiere Jugendtrainer vun der Jeunesse Kanech ginn et e puer Grënn fir den aktuellen Erfolleg.
"Déi gutt Resultater sinn domat ze erklären, dass einfach iwwert d'Joren elo eng konstant gutt Aarbecht gemaach gëtt, engersäits an der Kaderzesummestellung, mä och inhaltlech. Mir hunn e ganz rouegt Ëmfeld. Mir kënnen eis dorobber fokusséieren, wat wierklech wichteg ass, wa mer awer och eis Matcher virbereeden ouni vill Onrou am Ëmfeld, sief et an enger gudder oder enger schlechter Phas. Gutt Aarbecht, gudde Kader an a vill Rou."
E Freideg spillt de Veräin aus dem Saarland doheem géint Schalke. S04 steet just op der 14. Plaz mat 17 Punkten.