Weider ass den Nationaltrainer awer och frou driwwer, mat Däitschland oder Italien eng vun den Topnatiounen am Grupp ze hunn.

"Ech hätt léiwer e Grupp mat fënnef Ekippe gehat", sot de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz no der Auslousung vun de Gruppe fir d'Qualifikatioun vun der Weltmeeschterschaft 2026 an den USA, Kanada a Mexiko. D'Rout Léiwe kréien et an där Campagne mat Nordirland, der Slowakei, an dem Gewënner vun der Partie Däitschland géint Italien ze dinn.

WM-Qualifikatioun- Auslousung / Reportage Franky Hippert

Déi ganz europäesch Futtballwelt huet e Freideg op Zürech gekuckt. An der Schwäiz goufen d'Gruppe fir d'FIFA-Weltmeeschterschaft 2026 gezunn. Mat dobäi war och den FLF-Nationaltrainer Luc Holz, dee sech bewosst ass, datt esou eng Auslousung kee Wonschconcert ass.

Mäi Wonsch war et, fir zu enger Fënnefergrupp ze gehéieren. Leider si mer als éischt Natioun gezu ginn an du wosst ech natierlech direkt, 'okay, mir sinn an enger Véierergrupp', wat natierlech mech net zefriddestellt, well ech wollt virun allem och elo de Mäerz direkt starten, mat engem Qualimatch."
 
D’Géigner heeschen also Nordirland, Slowakei an de Gewënner vum Match Däitschland géint Italien. Dat ass d'Véierelsfinall vun der Nations League. Zwou vun de beschten Ekippen op der Welt also.

"Zwee Géigner, wou ech natierlech gäre spillen, well et einfach extreem gutt Géigner sinn, extreem attraktiv Géigner an natierlech och, fir d'Spiller. Vun der Motivatioun hier gëtt et schwéier, fir besser Natiounen ze fannen."
 
De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer, deen nach e Kontrakt bis d'Enn vum nächste Joer huet, huet dann och eng liicht Preferenz, wat eng vun deenen zwou grousse Futtballnatiounen ugeet.

"Vläicht e klengen, klengen Avantage Italien, well ech denken, datt et awer méi sauer ka gi géint Däitschland, well se einfach aus enger schwéierer Phas kommen. Si sinn am Opwand a si setzen am Moment alles drun, fir wierklech, egal wéi ee Géigner dat ass, deem Géigner esou wéi ze doen, wéi et nëmme geet. An dann, wann een natierlech och d'Mentalitéit vun eisen Nopere kennt, da weess een, datt se déi 90 Minutte Vollgas ginn. Also vun do hier erwaarden ech mer, géint Däitschland nach eng Kéier ëmsou méi e schwéiere Match, wéi wann een eventuell géint Italien spillt, déi awer da ganz oft, wa se bis vir sinn, vläicht e bësse méi lues maachen."
 
Nordirland respektiv d'Slowakei haten d'Rout Léiwen an deene leschten zwou Campagnë schonn am Grupp. A priori sinn déi Géigner e bësse méi staark wéi d'FLF-Formatioun. De Luc Holtz geet awer ëmmer op den Terrain fir ze gewannen, weess awer och, datt et op d'Detailer ukënnt.

"Wat fir mech entscheedend ass géint déi dote Géigner, datt mir keng Spiller blesséiert hunn. Dat ass essentiel. Elo géint deen een, elo géint deen aneren ass, mir hunn an der ganzer Nations League permanent dräi, véier Spiller net dobäi, sief et duerch Spären oder duerch blesséiert Leit, dem Ivy oder dann de Vincent, déi déi ganz Nations League duerch hir Kräizbandrëss net dobäi waren an da deet eis als Ekipp natierlech wéi, wa mer dann am offensive Beräich awer zwee individuell qualitativ héichwäerteg Spiller net dobäi hunn. An ech denken, datt mer géint déi zwou Natiounen, wa mer e ganz, ganz gudden Dag erwëschen a mir si komplett an de Géigner ass vläicht, huet vläicht och emol eng Kéier den een oder en anere Problem, sinn ech der Meenung, datt mer scho kënnen eng Kéier en Dräier géint déi Natiounen huelen."
 
Am Mäerz an am Juni d'nächst Joer huet déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp just d'Frëndschaftsmatcher um Programm. Déi éischt zwou Partien an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun sinn dann am September heiheem.
 
An do spillen d'Rout Léiwen de 4. September géint Nordirland. Dräi Deeg drop heescht de Géigner dann am Stade de Luxembourg Slowakei. Géint Däitschland oder Italien huet d'FLF-Formatioun hiren Heemmatch de Freideg de 14. November.