Am Ganzen waren um Samschden a Sonnde 70 Ekippen aus 8 europäesche Länner am Asaz.

De Weekend vum 14. a 15. Dezember war zu Beetebuerg an der Sportshal nees den traditionelle "KV Christmas Gym (Youth) Cup". Eng international Kompetitioun, déi de Lëtzebuerger Turnerinnen an Turner d’Méiglechkeet gëtt sech mat der Konkurrenz aus dem Ausland ze moossen.
 
Am Ganzen waren um Samschden a Sonnde 70 Ekippen aus 8 europäesche Länner am Asaz. Eng 160 Meedercher an 80 Jongen hunn op den ënnerschiddlechen Turngeräter hiert Kënnen ënner Beweis gestallt.

Konschtturnen ass eng Sportaart, déi Ganzkierperasaz verlaangt a virun allem vill Training an Zäit-Investissement erfuerdert. Am Nationalkader gëtt 6 Mol an der Woch trainéiert. Am Ganze verbréngen d’Sportlerinnen a Sportler gutt 30 Stonnen am Turnsall.

D’Céleste Mordenti ass aktuell di eenzeg Senior-Turnerin am Lëtzebuerger Nationalkader. Zënter zwee Joer studéiert an trainéiert déi 22 Joer jonk Fra zu Amsterdam. Nodeems si am Oktober dëst Joer als éischt Lëtzebuergerin op enger Weltmeeschterschaft eng Medail gewonnen huet, nämlech Bronze um Barren, preparéiert si sech elo op d’Europameeschterschaft am Mee 2025 an eng weider Weltmeeschterschaft am Hierscht d’nächst Joer.

Fir déi 13 Joer jonk Valentina Marochi an de 17-jährege Ben Mangen geet et d’nächst Joer op d’Junior-Weltmeeschterschaft. Eng grouss Éier fir déi Zwee Lëtzebuerg am Ausland vertrieden ze kënnen an Erfarung op héijem Niveau ze sammelen.

Stand August dëst Joer huet d’Lëtzebuerger Turnfederatioun FLGym bal 8.700 Lizenze gezielt. Woubäi do och Trainer-, Jugend- a Loisirslizenzen drënner falen. D’Zuel vun de reng kompetitiven Gerätturn-Lizenzen louch bei iwwer 3.000. D’Meedercher sinn am Turnen mat 82% däitlech an der Iwwerzuel. Wat awer net heescht, datt bei de Jonge manner Talenter sinn.

Souwuel de Youth Cup bei de Meedercher, wéi och d’Open-Kompetitioun bei de Männer goufen um Christmas Cup vun der Lëtzebuerger Nationalekipp gewonnen. Dernieft goufen et iwwert de Weekend am Général 6 Eenzelmedaillen fir d’FLGym, plus eng éischt Plaz fir eng jonk Turnerin vum "Le Réveil Bettembourg".