Op enger gudder Nott konnt den Athlet aus der Elite Sport Sektioun vun der Arméi säi sportlech gesi ganz schwieregt Joer ofschléissen.

Henx wëll 2025 nach emol ugräifen / Reportage Franky Hippert

Op der Schwammweltmeeschterschaft am 25 Meter Baseng zu Budapest an Ungarn ass de Julien Henx iwwer 50 Meter Crowl an iwwer 50 Meter Papillon un den Depart gaangen an huet sech do anstänneg aus der Affär gezunn. Den 29 Joer ale Schwëmmer hat dëst Joer als grousst Zil, sech fir d'Olympesch Spiller zu Paräis ze qualifizéieren. Dat ass dem Sprintspezialist awer net gelongen. Elo probéiert de Julien Henx déi e bësse méi laang Distanz iwwer 100 Meter:

"Jo, d'Joer ass fir mech soe mer ausschlaggebend. Jo, et ass net duergaangen, wou ech u sech e bësse wäit ewech war. Mee voilà, ech hunn d'Hoffnung net opginn an ech hu misste u mech selwer gleewen an vläicht och e bëssen dreemen, dass ech dat kéint packen. Fir och einfach virunzekommen am schwammen, och wann et elo vläicht net op 50 Kraul war. Mä jo, also dëst Joer sinn ech elo bei Sharks Lëtzebuerg gewiesselt an ech trainéiere mam Jabrane Touili, en Tunesier, deen 2021 eng Goldmedail op 400 Kraul gewonnen huet mat sengem Schwëmmer. An et leeft super gutt. Ech hunn super gutt Trainingszäiten an der Coque. Ech hunn e gudden Trainingspartner, deen och bei de Sharks ass."
 
2024 war kee ganz einfacht Joer. De Julien Henx weess och, datt hie Kritik huet missen astiechen, well hie sech just op d'50 Meter konzentréiert hat. Op der Weltmeeschterschaft zu Budapest hunn d'Zäite vum Athlet aus der Elite Sport Sektioun vun der Arméi awer op jiddefalls an déi richteg Richtung gewisen. Dat nächst Joer gëtt dann elo kruzial fir d'Zukunft, esou de Julien Henx.

"Well ech elo wierklech vu Joer zu Joer an net ze vill wäit kucken, well dat ass awer wierklech, dat ass eng haart Saison, et ass all Dag mat sech selwer kämpfen. A wann ech mer da soen, 'nach véier Joer', dat ass vläicht e bësse vill. Vläicht wann ech Joer zu Joer maachen, Schratt no Schratt, da geet dat och. An voilà, am Club leeft et super gutt. Dat heescht, ech hoffen och, dass dann d'Resultater d'nächst Joer am grousse Baseng kommen. An dat sinn och d'Ziler dëst Joer, d’Spiller vun de klenge Länner zu Andorra Enn Mee an d'WM zu Singapur am grousse Baseng Enn Juli."

Den 29 Joer ale Schwëmmer probéiert nach eng Kéier de Maximum, säin Trainingsvolumen huet de Julien Hengs verduebelt, an hien huet d'Gefill, datt deen neien Challenge mam neien Trainer a mam neie Club genee dat Richtegt ass, fir awer et vläicht 2028 op d'Olympesch Summerspiller ze packen. Awer, wéi sot de Sportzaldot, hie kuckt vu Joer zu Joer.