E Sport, deen ëmmer méi beléift gëtt
De President vum CHLPV, deem eenzege Veräin am Land, wënscht sech awer nach e puer Leit méi, déi d'Begeeschterung fir de Short Track deelen.
Dëse Weekend gouf de Benelux Cup am Short Track an der Kockelscheier organiséiert. Net nëmme Sportler aus Lëtzebuerg waren dobäi, mee och vill aus Südholland oder der Belsch. Et gouf a ville verschiddene Kategorië géintenee gefuer an et huet net un der néideger Motivatioun gefeelt.
60 Short-Track-Leefer waren de ganzen Dag iwwer op der Pist ënnerwee. Fir sech ze qualifizéieren, hat si scho virun dësem Event eng Beschtzäit gesat, esou war et méi einfach, fir jiddereen a Kategorien anzedeelen an d’Kompetitioun esou fair wéi méiglech ze gestalten.
Mee wat ass Short Track da ganz genau an iwwert wéi eng Distanz gëtt gefuer?
"Short Track ass Äiskonschtschnelllaafen an eng Ronn ass 111,11 Meter laang. Normalerweis ginn dann op sou enger Piste d'Circuite vu 500m, 1.000m a 1.500m gelaf", seet de Kaj Backström, President vum eenzege Veräin am Land.
De Sidoine Conesa fiert schonn zanter Jore fir de Club a gëtt ëmmer säi Bescht. E Sonndeg sollt et net ganz fir d’Victoire a senger Kategorie duergoen an awer huet hien ee klenge Message, firwat dëse Sport sou flott ass.
"D'Schnellegkeet mécht de Sport aus. Du bass méi schnell um Äis an hues einfach méi Speed. Dat ass ebe wierklech cool", esou de Leefer.
Et sinn ëmmer méi Leit, déi sech fir de Short Track interesséieren. Virun allem bei Jonke gëtt de Sport ëmmer méi beléift an och déi aktuell Wanterzäit dréit dozou bäi. Den Niveau ass gutt an trotzdeem géif ee sech als Club nach méi Participatioun vun de Leit dobausse wënschen, seet de President vum Club Hiversport Luxembourg, deen op der Kockelscheier hire Sëtz huet.
"Den Niveau kéint natierlech ëmmer besser sinn, mä mir hu schonn e puer gutt Leefer. De Peter Murphy ass beispillsweis grad zu Seoul. Mir hunn der e puer, mee mir wënschen eis nach e puer méi Leit."
Dovunner profitéiert net nëmmen de Sport selwer, mä och d’Leit, déi matmaachen, wëll d’Kompetitioune méi usprochsvoll ginn an den Niveau insgesamt eropgeet.