The Best FIFA Football Awards 2024
Vinicius Jr. fir d'éischte Kéier Weltfuttballer, Aitana Bonmatí Weltfuttballerin

© SID/Marco Bertorello
De 24 Joer ale brasilianeschen Offensivspiller vu Real Madrid konnt sech ënner anerem géint de spuenesche Ballon d'Or-Gewënner Rodri duerchsetzen.
Bei den Dammen ass et d'Aitana Bonmati vum FC Barcelona, dat sech den Titel vun der Weltfuttballerin eng zweete Kéier no 2023 séchere konnt. Als beschten Trainer ass de Carlo Ancelotti ausgezeechent ginn an als beschte Golkipp den Argentinier Emiliano Martinez vun Aston Villa. Bescht Golkipperin ass d'US-Amerikanerin Alyssa Naeher a bescht Trainerin vun enger Dammenekipp d'Emma Hayes.
Am meeschte gelies