De Judo Club Stroossen steet viru sengem gréissten Evenement zënter der Grënnung am Joer 2012.

Mat der Participatioun bei der ECC Champions League am Mixed Team steet domat fir d’éischte kéier e Lëtzebuerger Veräin an der héchster Klass vum Judo Sport.

Bei dësen Europameeschterschaften, déi e Samschden zu Montpellier ausgedroe ginn, sti 7 Lëtzebuerger Judokae an 2 franséisch Judokae an der Stroossener Ekipp. Bei de Stroossener ass d’Euphorie grouss. Mat dëser Participatioun bei den Europameeschterschaften ass et den éischte Lëtzebuerger Veräin, deen et op déi gréisste Bün gepackt huet.

All Ekipp trëtt mat 6 Judokaen un. 3 Dammen an dräi Hären, verdeelt op déi verschidde Gewiichtsklassen. Eng Victoire pro Kampf gëtt 1 Punkt, dobäi gëtt gekuckt ewéi eng Ekipp fir d’éischt 4 Victoiren an enger Renconter huet. Wann et awer no 6 Kämpf nach ëmmer 3-3 steet, dann trëtt den Entscheedungs-Kampf mam sougenannte Golden Score an, wou per Lous entscheet gëtt, ewéi eng Gewiichtsklass untrëtt.

Nieft dem Olympiameeschter Teddy Riner, dem Sanshiro Murao an och dem Marie-Eve Gahie ass de Judo Club Stroossen den Underdog bei dësem Evenement. Dat gesäit och den Trainer Arnaud Grisier esou.

De Stroossener Judo trëtt seng Rees en Donneschden op Montpellier un, mam Zil esou vill Erfarungen ewéi méiglech ze sammelen a géint déi beschten Athletinnen aus Europa ze kämpfen.