Zanter e Sonndeg gëtt am Alexandra Palace zu London déi 32. PDC-Darts-Weltmeeschterschaft gespillt.

Nieft deenen interessante Matcher ass d'Darts-WM och bekannt fir déi gutt Ambiance am Ally Pally. Ronn 3.000 Spectateure passen an d'Hal am Norde vu London. Bannent 15 Minutte waren d'Tickete fir déi ganz Weltmeeschterschaft ausverkaaft. D'Organisateuren iwwerleeë sech ëmmer rëm, fir d'WM iergendwou anescht ze organiséieren, fir finanziell méi Ëmsaz ze generéieren. Verschiddene Rumeuren no wier Saudi-Arabien am Gespréich. Fir de Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer musse sech d'Organisateuren an deenen nächste Joren no anere Méiglechkeeten ëmkucken.

Jim Mayer iwwert eng méiglech Darts-WM a Saudi-Arabien

"Op där enger Säit ass et natierlech eng Opportunitéit, déi e Sport wéi den Darts muss ergräifen, fir kënnen nach méi grouss ze ginn. Donieft och datt d'Spiller, déi wierklech vill Deeg am Joer ënnerwee sinn a reesen, méi Sue kënne verdéngen. Op där anerer Säit ass et natierlech e bëssen dat Romantescht, wat d'Supporter gären hätten, datt den Darts do bleift, wou en elo déi lescht Joren eréischt richteg grouss ginn ass."
 
Éischt Diskussioune mat Saudi-Arabien hätt et dem PDC-Boss Barry Hearn och scho ginn. Ee Problem wier, datt a Saudi-Arabien de Konsum vun Alkohol verbueden ass. Den Organisateuren no wier dësen awer ee wesentleche Bestanddeel vum Darts-Sport, sou datt weider Gespréicher op Äis geluecht goufen.