Wladimir Klitschko relativéiert Comeback-Pläng

© AFP
De fréiere Weltmeeschter Wladimir Klitschko huet sech zu de Spekulatiounen iwwer e Retour an de Box-Réng geäussert an d'Comeback-Meldunge relativéiert.
"An dësen Deeg gëtt et vill Rumeuren iwwer e méigleche Comeback. Am Moment geet et mir net ëm mäi Retour bei d'Boxen, mä ëm de Retour vun de Russen an hiert Land, baussent der Ukrain", huet de Klitschko en Donneschdeg den Owend op X geschriwwen. Dobäi huet déi fréier Nummer eent vun der Welt e Selfie mat sengem Landsmann Alexander Usyk gepost, deen e Samschdeg a Saudi-Arabien säi Réckkampf géint de Britt Tyson Fury untrëtt.
Ganz ausschléisse wollt de Klitschko e Comeback awer net. Hien hätt ni mam Training opgehalen: "Wann et also e Kampf gi sollt, wier ech direkt bereet. Mä dëse Weekend wäert ech nëmmen ee Kampf mat engem talentéierten Ukrainer kucken."
Rezent war schonn iwwer e Kampf den 22. Februar géint de britteschen IBF-Weltmeeschter Daniel Dubois spekuléiert ginn. De Comeback soll de saudesche Geschäftsmann Turki Al-Sheikh, den aktuell mächtegste Mann am Boxsport, an d'Weeër geleet hunn. Hien hat am Virfeld vum Mega-Fight tëscht dem Tyson Fury an dem Alexander Usyk e Samschdeg zu Riad erkläert, hie géif sech de Klitschko als Géigner fir de Gewënner wënschen. Ob et dozou kënnt, ass awer onkloer.
En Duell géint de Fury wier fir de Klitschko eng Chance op Revanche, am November 2015 hat hie géint de Britt déi dräi WM-Titele vun der IBF, der IBO an der WBO zu Düsseldorf verluer. Sollt de Klitschko e WM-Kampf maachen, hätt hien donieft d'Méiglechkeet, den George Foreman als eelste Champion am Schwéiergewiicht ofzeléisen. Den 48 Joer ale Klitschko ass zanter 2017 net méi fir e Kampf ugetrueden.