Portrait iwwert d'Marie Schreiber
Mat nëmmen 21 Joer huet d’Marie Schreiber sech schonn en Numm an der Cyclo Cross-Weltspëtzt gemaach.
Déi jonk Lëtzebuerger Athletin, déi zënter Mäerz 2023 beim Team SD Worx Protime ënner Kontrakt steet, ass déi grouss Hoffnung am Lëtzebuerger Cyclo Cross.
Nodeems Championne déi éischten 2 Manchë vun der Coupe de France gewanne konnt, konnt d’Marie Schreiber mam Internationale Cyclo Cross zu Contern bis ewell dräi Victoiren des Saison feieren.
Den 3. November 2024, beim grousse Rendezvous vun den Europameeschterschaften, déi a Spuenie gefuer gouf, ass et fir d’Marie Schreiber awer net ganz duer gaangen. Do ëennt Marie Schreiber ob déi 2. Plaz. Mat engem batteren Nogeschmaach bléckt déi jonk Sportlerin op d’Europameeschterschaft zeréck. An awer léist d’Marie Schreiber de Kapp net hänken, no enger drëtter Plaz um Superprestige Merksplas koum de wichtege Rendezvous vum World Cup Antwerpen.
Lëtzebuerger Championne huet do dann confirméiert, dass et eng Plaz fir hat an der Weltspëtzt gëtt. Mat hirer gudder Technik an hiren exzellenten Departen gehéiert d’Marie Schreiber bei all Cross zu de Favoritinnen. Nom World Cup Namur de leschte Weekend befënnt sech d’Athletin aktuell op der drëtter Plaz vum Generalklassement, an am Leader Trikot vun den U23. Ronderëm d'Feierdeeg ass déi intensiv Phase am Cross. De Weekend ginn direkt 2 Manchë vum World Cup gefuer, dorënner Hulst an Holland an de bekannte Cross am Sand vun Zonhoven.
Duerno geet et dann direkt weider, mat Gavere a Besançon sti ganz schwéier Crossen um Programm. De grousse Rendezvous vun der Weltmeeschterschaft zu Liévin a Frankräich steet beim Marie Schreiber grouss am Kalenner.
Et ass en also gespaant, ewéi sech d’Lëtzebuerger Championne an deenen nächste wichtege Wochen duerchsetzt.