Wärend der leschter Nations League Campagne gouf et Stëmmen an der Lëtzebuerger Futtballwelt, déi den Nationaltrainer Luc Holtz a Fro gestallt hunn.

"Ech weess, datt virun 12-13 Joer scho Leit en anere Nationaltrainer wollten, an ech weess och, datt et Trainer ginn, déi de Poste gäre wéilten iwwerhuelen", dat seet de FLF-Coach Luc Holtz am RTL Interview. De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer huet awer nach e Kontrakt bis d'Enn vum nächste Joer.
 
Luc Holtz: "An ech hu bis elo meng Kontrakter ëmmer agehalen. An ech hunn och elo wëlles, dat déi Kéier d'selwecht ze maachen. Dir géift gäre wëssen, wéi d'Saach mat mengem Conseil respektiv mam President ass. Et ass Folgendes. Mir hunn eis gesi virun enger puer Deeg a mir hunn eng detailléiert Analys iwwert d'ganzt Joer gemaach. Net nëmmen iwwert d'Nations League, mee iwwert d'ganzt Joer an esou, dat war ganz konstruktiv an dat war ganz positiv, a mir hunn dann och gekuckt bëssen an d'Zukunft respektiv, ech hu meng Meenung iwwert d' Zukunft gesot. Voilà, mir waren do awer op enger Wellelängt, also vun do hier ass et esou, datt ech nach e Joer Kontakt hunn." 
 
Op d'mannst bei der nächster Weltmeeschterschaftsqualifikatioun sëtzt de Luc Holtz deemno nach op der FLF-Trainerbänk. Am Mäerz an am Juni sti Frëndschaftslännermatcher um Programm, éiert et dann de 4. September mat der Partie Lëtzebuerg géint Nordirland am Stade de Luxembourg an der WM-Quali lassgeet.