E Freideg den Owend war den Optakt vum 15. Spilldag an der däitscher Bundesliga.

Den Tabelleleader FC Bayern München hat den Tabellevéierte Leipzig op Besuch. Et war e fulminante Start an de Match, well direkt an der 1. Minutt huet de Musiala d'Bayern mat 1:0 a Féierung bruecht. Nëmmen 1 Minutt méi spéit huet de Sesko awer nees op 1:1 ausgeglach. Dat war e Rekord... nach ni gouf et en 1:1 bannent den éischten zwou Minutten an der Bundesliga.

Duerno hat just nach eng Ekipp Grond ze feieren, an dat war d'Heemekipp. D'Bayern konnten duerch Laimer a Kimmich nach an den éischte 45 Minutten op 3:1 setzen. An der zweeter Hallschent hu Sané an Davies och nach getraff, wouduerch et dunn zum Schlussresultat vu 5:1 fir München koum.

Den FC Bayern huet elo 7 Punkte Virsprong op Bayer Leverkusen, déi e Samschdeg den Owend géint Freiburg spillen.

Coupe de France - 1/32-Finall

Den FC Metz huet mat 3:0 géint ES Troyes AC verluer.

Den OSC Lille huet Auswäerts mat 1:0 géint Rouen gewonnen.

Den SC Bastia mam Florian Bohnert gewënnt kloer 5:0 géint RC Saint Joseph.