Lindsey Vonn mat geglécktem Comeback

© AFP
D'US-Amerikanerin ass e Samschdeg am Super-G zu St. Moritz op déi 14. Plaz gefuer.
Gelongene Comeback fir déi fréier Speed-Kinnigin Lindsey Vonn am alpine Schi-Weltcup. 2.141 Deeg no hirer bis ewell leschter Course ass déi 40 Joer al US-Amerikanerin beim Super-G zu St. Moritz an der Schwäiz op déi 14. Plaz gefuer. Si hat e Retard vun 1,18 Sekonnen op d'Gewënnerin Cornelia Hütter aus Éisträich.
D'Hütter huet sech e Samschdeg virun der Schwäizerin Lara Gut-Behrami (+0,18 Sekonnen) an der Italienerin Sofia Goggia (+0,33 Sekonnen) behaapt.
Hir bis ewell lescht Weltcup-Course war d'Lindsey Vonn am Januar 2019 zu Cortina d'Ampezzo an Italien gefuer. Hire geplangte Retour an de geféierleche Speed-Diziplinne war an de leschte Woche vu vill Kritik begleet ginn - och well déi 82-fach Weltcupgewënnerin mëttlerweil mat engem kënschtleche Knéigelenk un de Start geet.
Mam Marcel Hirscher hat dëse Wanter e weidere grousse Schifuerer säi Comeback ginn. Hien huet sech Ufank Dezember am Training d'Kräizbänner gerass. D'Saison ass doduerch fir hie schonn eriwwer.