Usyk wënnt nees géint Fury a verdeedegt WM-Titel

© AFP
Den Ukrainer huet säi brittesche Géigner eestëmmeg no Punkte geschloen.
Am Retourkampf huet de Boxer Oleksandr Usyk op en Neits seng sportlech Klass am Schwéiergewiicht ënner Beweis gestallt. De 37 Joer alen Ukrainer huet sech géint de Britt Tyson Fury eestëmmeg no Punkten duerchgesat. Hie verdeedegt domadder seng WM-Titele vun de Verbänn WBC, WBA a WBO.
Den Usyk, deen zanter 23 Profikämpf ongeschloen ass, konnt sech an der saudi-arabescher Haaptstad Riad op en Neits op säi boxerescht Kënnen a seng kierperlech Fitness verloossen. Ganz einfach huet de Fury him et awer net gemaach. De Britt war en zéien Erausfuerderer a konnt tëschenduerch och eng Partie Treffer beim Favorit setzen.
Siwe Méint nom gewonnenen éischten Duell huet den Usyk domadder och fir dem Fury seng zweet Néierlag am 37. Kampf (34 Victoiren an ee Remis) gesuergt.
Ënnert de Spectateure waren och fréier Box-Stare wéi de Wladimir Klitschko an de Lennox Lewis.
Béid Boxer krute fir de Retourkampf eng Gage a Milliounenhéicht.