Bochum gëtt mat der Victoire géint Heidenheim e Liewenszeeche vu sech. An der Premier League ass d'Serie vum FC Chelsea gerass.

Bundesliga

Bochum - Heidenheim 2:0
1:0 Broschinski (6'), 2:0 (Bero (38')

Am Kellerduell vun der Bundesliga huet Bochum seng éischt Victoire vun dëser Saison gefeiert. De Club aus dem Revier war fréi a Féierung gaangen. Heidenheim war vun Ufank un net um Terrain an huet sech keng geziilt Golchancen erausgeschafft. Bochum huet dovu profitéiert an nach virun der Paus een dropgesat. Am zweeten Duerchgang huet sech de Spectateuren dat selwecht Bild gewisen: Bochum huet de Match gemaach, Heidenheim war net am Match. Kuerz viru Schluss krut Bochum en drëtte Gol vum VAR wéinst Abseits annuléiert.

Wolfsburg - Dortmund 1:3
0:1 Malen (25'), 0:2 Beier (28'), 0:3 Brandt (30'), 1:3 Vavro (58')

Dortmund feiert déi éischt Auswäertsvictoire an dëser Bundesliga-Saison, an dat méi wéi verdéngt. De BVB war vun Ufank un déi dominant Ekipp um Terrain, huet awer e bësse gebraucht, fir seng Goler ze schéissen. Mat dräi Goler bannent 6 Minutte war de Match sou gutt wéi gelaf, dorun hunn och den 1:3 an déi Rout Kaart fir de BVB-Spiller Groß an der 62. Minutt näischt méi geännert. Dortmund spréngt an der Tabell nees op Plaz 6.

Premier League

Everton - Chelsea 0:0

D'Serie vun Chelsea ass gerass: D'Blues haten déi lescht 7 Matcher gewonnen a sech an der Tabell bis op Plaz 2 geschafft. Bei Everton kruten d'Londoner just ee Punkt. Chelsea konnt net wéi an de leschte Matcher säin Tempospill opzéien an hat massiv Problemer mat der Defense vun den Toffees. Everton hat deelweis souguer déi besser Golchancen.

Manchester United - Bournemouth 0:3

0:1 Huijsen (29'), 0:2 Kluivert (61'), 0:3 Semenyo (63')

Déjà-vu fir ManU: Wéi an der leschter Saison verléieren d'Red Devils doheem géint Bournemouth. Laang hate béid Ekippe keng Golchance, bis Bournemouth no engem Standard a Féierung goung. ManU hat och am zweeten Duerchgang keng Äntwert dorop a blouf harmlos. Bournemouth, déi elo op Plaz 5 sprangen, huet seng Chancen äiskal ausgenotzt an nach zwee Goler dropgesat. D'Ekipp vum neien Trainer Marques Amorim bleift ze onkonstant an dëser Saison.

Tottenham - Liverpool 3:6

0:1 Luis Diaz (23'), 0:2 Mac Allister (36'), 1:2 Maddison (41'), 1:3 Szoboszlai (45'+1), 1:4 Salah (54'), 1:5 Salah (61'), 2:5 Kulusevski (72'), 3:5 Solanke (83'), 3:6 Luis Diaz (85')

Wat e Spektakel op der White Hart Lane: 9 Goler an 90 Minutten. Liverpool war an der éischter Hallschent déi kloer dominéierend Ekipp an hat Tottenham komplett am Grëff. Den 3:1 zur Paus war en Ausdrock dovunner. Och nom Säitewiessel hunn d'Reds hir Dominanz a Goler ausgedréckt, mee op eemol huet Tottenham e Liewenszeeche vu sech ginn a koum nees op erun. De sechste Liverpooler Gol huet d'Saach awer kloer gemaach. Liverpool huet domat 4 Punkten Avance op Chelsea.

Serie A

AS Roum - Parma 5:0
1:0 Dybala (8'), 2:0 Saelemakers (13'), 3:0 Dybala (51'), 4:0 Paredes (74'), 5:0 Dovbyk (83')

Ënner dem neien Trainer kann d'AS Roum déi nächst Victoire verbuchen a mécht weider Buedem op d'Spëtzepositioune gutt. Parma war vun Ufank un an alle Lagen ënnerleeën a muss weider no ënne kucken.

Bergamo - Empoli 3:2
0:1 Colombo (13'), 1:1 De Ketelaere (34'), 2:1 Lookman (45'+1), 2:2 Esposito (56'), 3:2 De Ketelaere (86')

Bergamo behaapt sech spéit géint Empoli a bleift Tabellenéischten. Den amtéierenden Europa-League-Gewënner koum schwéier an de Match a konnt eréischt no enger hallwer Stonn egaliséieren. Nach virun der Paus huet Bergamo eng vu senge ville Chancen zu dësem Moment genotzt an ass a Féierung gaangen. Empoli huet awer net opginn an den Tabellenéischte weider viru Problemer gestallt. Um Enn ass et fir d'Toskaner awer net duergaangen, fir Punkte mat heem ze huelen.

Ligue 1

La Liga

Real Madrid - FC Sevilla 4:2
1:0 Mbappé (10'), 2:0 Valverde (20'), 3:0 Rodrygo (34'), 3:1 Romero (35'), 4:1 Diaz (53'), 4:2 Lukébakio (86')

Real Madrid huet gewënnt héichverdéngt géint Sevilla an zitt an der Tabell laanscht den FC Barcelona, deen e Samschdeg géint Atlético Madrid de Kierze gezunn hat. Den Mbappé an de Valverde hunn zwee schéi Goler zur Victoire bäigesteiert. Madrid huet de Match dominéiert, mee um Enn gouf et stoend Ovatioune fir de Sevilla-Spiller Jesus Navas, fir deen et de leschte Match vu senger Karriär war an dee grouss Spueren am spuenesche Futtball hannerlooss huet.