Köln hëlt 3 Punkte vum Betzenberg mat heem. Fir de Vincent Thill gouf et an Aserbaidjan eng Néierlag.

Beveren bleift an der belscher Chalenger Pro League op enger Playoff-Plaz, fir an d'Jupiler League opzesteigen. Géint Lokeren-Temse konnt d'Ekipp vum Laurent Jans déi nächst 3 Punkten afueren a steet weiderhin op Plaz 5. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 90 Minutten duerchgespillt a konnt an der 37. Minutt d'Virlag fir den entscheedende Gol vum Mertens ginn.

De positiven Trend vu Kaiserslautern ass eriwwer. Géint den FC Köln souz et déi zweet Néierlag hannerteneen. Köln konnt, ouni de Mathias Olesen, duerch en 1:0 3 Punkte vum Betzenberg entféieren a bleift Tabellenéischten. Kaiserslautern mam Ersatzgolkipp Fabian Heck steet elo op Plaz 9, huet awer just 5 Punkte Réckstand op d'Geessebéck.

Sabah FK Baku kënnt dës Saison net richteg an den Trëtt. Géint Shamakhi gouf et auswäerts eng 1:3-Néierlag, déi och méi wéi verdéngt war. Sou verléiert Baku ëmmer méi den Uschloss un d'Tabellespëtzt. De Vincent Thill gouf an der 73. Minutt agewiesselt, konnt awer keng Impulser fir seng Ekipp ginn.

Samschdeg

Den Danel Sinani a St. Pauli hunn um leschte Spilldag virun der Wanterpaus an der däitscher Bundesliga déi nächst Punkten agesäckelt. Beim VfB Stuttgart konnten d'Hamburger en 1:0 iwwer d'Zäit retten, och wa Stuttgart iwwer 30 Golschëss hat. De Sinani gouf an der 70. Minutt agewiesselt a krut an der 83. Minutt souguer déi Giel Kaart gewisen.

An der Eredivisie muss NAC Breda e Réckschlag am Kampf ëm déi international Plazen hinhuelen. Géint den direkte Konkurrent Go Ahead Eagles gouf et eng 1:2-Auswäertsnéierlag. Den Enis Mahmutovic stoung iwwer 90 Minutten um Terrain, gouf awer kuerz viru Schluss nach ausgewiesselt.

An der serbescher Super Liga konnt FK Vojvodina mam Seid Korac déi nächst 3 Punkte verbuchen. Am direkten Duell mam Tabellennoper Radnicki stoung et no 90 Minutten 3:2 fir d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller. De Korac stoung iwwer déi komplett Spillzäit um Terrain.

Niewendrun a Rumänien huet den FC Hermannstadt, de Veräi vum Vahid Selimovic, mat Farul Constanta 0:0 gedeelt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun, gouf awer an der Paus ausgewiesselt.

Freideg

Elversberg huet sech eng batter 1:4-Defaite géint Schalke 04 agefaangen a fält domat an der Tabell vu Plaz 1 op Plaz 4. Fir d'Ekipp vum Co-Trainer Raphael Duarte war et déi 5. Néierlag an dëser Saison.

An der zweeter belscher Liga huet Francs Borains mat der zweeter Ekipp vum KRC Genk 2:2 gedeelt. Den Alessio Curci koum op der rietser Band zum Asaz a gouf an der 76. Minutt ausgewiesselt.

De Florian Bohnert war mat Bastia an der Coupe de France am Asaz. An der 1/32-Finall haten d'Korse keng Problemer mat RC Saint Joseph an zéien duerch e 5:0 an déi nächst Ronn an. De Lëtzebuerger huet 90 Minutten duerchgespillt.