Am Biathlon gouf et Victoirë fir Norwegen an Däitschland. Am Schi alpin gouf et Diskussiounen iwwer d'Pistekonditiounen.

Beim zweete Schisprangen zu Engelberg an der Schwäiz huet Éisträich eng dräifach Victoire gefeiert. Den Daniel Tschofenig ass méi wäit wéi seng Landsmänner Jan Hörl, de Gewënner vum Samschdeg, an de Stefan Kraft gesprongen. Fir déi däitsch Ekipp gouf et en erniichtert Resultat virun der Véierschanzentournee, déi den 28. Dezember zu Obersdorf lassgeet. De Karl Geiger war mat Plaz 9 beschten Däitschen, wärend de Leader am Weltcup Pius Paschke just 18. gouf.

D'Sprange vun den Damme gouf wéinst de schlechte Wiederkonditiounen am zweeten Duerchgang ofgebrach. Domat gouf d'Wäertung vum éischten Tour geholl an do war d'Norweegerin Anna Odine Ström am wäitste gesprongen. Hannert hir hu sech d'Jacqueline Seifriedsberger aus Éisträich an déi Däitsch Agnes Reisch klasséiert.

Am Biathlon gewënnt nees e Bö zu Annecy, mee dës Kéier war et den Tarjei Bö. Den Norweeger konnt sech no enger staarker Lafleeschtung a just engem Schossfeeler iwwer Plaz 1 freeën. Knapp hanert him koum den Däitschen Danilo Riehtmüller (+ 4 Sekonnen) an d'Zil, virum Dominator Johannes Thingnes Bö, dee sech an dëser Course 3 Schossfeeler geleescht hat. Hien hat 9,7 Sekonne Réckstand op säi Landsmann a koum knapp virum drëtten Norweeger Sturla Holm Laegreid an d'Zil.

Bei den Damme konnt Däitschland eng duebel Victoire feieren. D'Selina Grotian hat eng komfortabel Avance vun 12,7 Sekonnen op hir Landsfra Franziska Preuß, déi e Samschdeg ganz uewen um Podium gestanen hat. Drëtt gouf d'Slowakin Paulina Batovska Fialkova (+ 35,4), déi d'Franséisin Jeanne Richad (+ 35,5) op der Ligne droite nach agefaange krut.

De Riseslalom vun den Hären am Schi Alpin gouf op en Neits vum Marco Odermatt dominéiert, deen eng kloer Avance op de Fransous Leo Anguenot (+ 0,85) an op den Norweeger Alexander Steen Olsen (+ 0,88) hat. Wärend an no der Course gouf awer och iwwer d'Konditioune vun der Pist zu Alta Badia diskutéiert, wat zu Kritik säitens de Sportler un den Organisateure geféiert huet.

De Super-G-Weltcup vun den Dammen huet wéinst ze vill zu St. Moritz an der Schwäiz ofgesot ginn.