Nodeems hei am Land den nationale Futtball schonn an der Wanterpaus ass, gouf e Sonndeg bei eisen däitschen Noperen nach gespillt.

Um Betzenberg zu Kaiserslautern koum et zum Spëtzematch an der 2. Bundesliga, wou sech den 1. FC Kaiserslautern an den 1. FC Köln géintiwwer stoungen. Um Enn gouf et eng 1:0-Victoire fir déi Kölner, déi un der Spëtzt vun der Tabell stinn.

Mam Fabian Heck sëtzt zanter kuerzem och e lëtzebuergescht Nowuesstalent beim 1. FCK op der Ersatzbänk. Bei de Kölner ass mam Mathias Olesen och e Lëtzebuerger am Kader.

Am Virfeld vum Spëtzematch an der 2. Bundesliga tëschent dem 1. FC Kaiserslautern an dem 1. FC Köln huet de Lëtzebuerger Nationalspiller, dee wéinst enger Blessur net am Kader stoung, e Réck- an Ausbléck aus senger Siicht gezunn. Den 28-fachen Nationalspiller huet eng duerchwuessen éischt Hallschent vun der Saison hannert sech.
 
Mat 3 Asätz am DFB-Pokal, wou hien nom Match géint den SV Sandhausen esouguer als "Man of the Match" geéiert gouf, sinn an der 2. Bundesliga just nach aacht méi kuerz Asätz derbäi komm. No enger Gesamtspillzäit vun nëmmen 364 Minutten zitt den 23 ale Profi follgende Bilan.

Extrait Mathias Olesen (1)

"Ech hunn d'Gefill, ech hu gutt Matcher gemaach bei Köln dës Saison. Mäin Highlight war natierlech vun Ufank u géint Sandhausen, wou ech mech ganz gutt fonnt hunn. Mee och aner Matcher, wou ech erakomm sinn, wou et och ganz stabil war a wou ech och gutt gespillt hunn. Natierlech hat ech mir méi Spillzäit gewënscht. Ech hoffen ëmmer, datt ech sou vill méi méiglech spillen. Mee eis Konkurrenz ass ganz grouss zu Köln. A mir si warscheinlech och dee gréisste Veräin an der 2. Bundesliga. An dofir ass et och schwéier, vun Ufank unzespillen. Mee ech probéieren einfach, all Minutt ze notzen, déi ech kréien."
 
Well säi Kontrakt an der Domstad um Enn vun der Saison ausleeft, ass et fir de Spiller net méiglech, am Wanter verléint ze ginn, fir op méi Spillzäit ze kommen, wéi dat nach an der vergaangener Saison beim Schwäizer Club Yverdon Sport de Fall war. Och wat d'Zukunft nom Summer betrëfft, ass nach näischt decidéiert.

Extrait Mathias Olesen (2)

"Et ass natierlech schwéier ze soen, wou ech sinn no der Saison. Mäi Kontrakt leeft, wéi s du gesot hues, nëmme bis de Summer. An ech hu mech leider elo verletzt an ech falen dofir e bësse méi laang aus. Mäi Fokus läit de Moment nëmmen do drop, fit zréckzekommen an esou schnell wéi méiglech zréckzekommen an natierlech méi staark zréckzekommen. An da probéieren ech, all déi Minutten ze notzen, déi ech kréien, fir Werbung fir mech selwer ze maachen. An da muss ech kucken, wéi et ausgesäit no der Saison. Ech fille mech natierlech wuel zu Köln an ech hunn dee Veräin richteg gär. Mä am Enn geet et och ëm d'Spillzäit, datt ech mech och selwer entwéckele kann."
 
Et bleift also ofzewaarden, ob de Mathias Olesen och iwwer de Summer eraus de "Geissbock" op der Broscht dréit.

Mam Fabian Heck ass nees e Lëtzebuerger um Betzenberg doheem

Fabian Heck beim 1. FC Kaiserslautern / Reportage Cliff Block

Mam 19 Joer ale Fabian Heck ass nees e Lëtzebuerger um "Betze" doheem. Nom Jeff Strasser an dem Maurice Deville ass hien deen 3. Spiller, deen et bei de Club aus der Pfalz an de Profiberäich gepackt huet. Den 1,94 Meter grousse Golkipp, deen zu Bitburg gebuer ass, mee och déi  Lëtzebuerger Nationalitéit huet, gouf och schonn an den U21-Nationalkader geruff.

Fir den techneschen Direkter vun der FLF Manuel Cardoni bréngt de Fabian Heck a jonkem Alter scho vill Qualitéit mat.

"De Fabien ass e wierklech e ganz, ganz gudde Golkipp, deen och gutt mat de Féiss ass, mee en huet och eng gutt Längt, eng gutt Detente. Wann ech eisem Golkippstrainer och am Detail ka gleewen, an dat maachen ech, ass en och ganz, ganz staark am Eent géint Eent. Wou e vläicht nach sech misst e bësse verbesseren, dat ass an der Kommunikatioun, an der Direktioun vun der Defense, mee ech mengen, et ass och e bëssen de jonken Alter nach e bësse geschëlt an natierlech och mengen ech der Situatioun, dass en awer lo fir d'éischte Kéier do dobäi war, bei der U21, mee en ass do sécher an enger Ekipp mat ganz villen Talenter, mat enger ganz gudder Perspektiv."

Mat 13 Joer ass de Fabian vun der Eintracht Tréier bei den 1.FCK gewiesselt an huet dëst Joer beim Club aus der Pfalz e Profikontrakt ënnerschriwwen. Op een Hoer wier en e Sonndeg zum éischten Asaz an der 2. Liga komm, nodeems sech d'Nummer 1 Julian Krahl op Lauter Säit liicht blesséiert hat an huet misse behandelt ginn. Do ass een dach bestëmmt opgereegt, wann ee sech muss waarm maachen, fir e méiglechen Asaz?

"Ja am Anfang war es ein bisschen komisch, aber man gewöhnt sich dran. Auch bei den Fans, es ist einfach geil sich da aufzwärmen. Ja, das ist mega."

Trotz sengem jonken Alter weess hie wou seng Stäerkten an och Schwächte leien.

"Also im Eins gegen Eins würde ich sagen. Oder am Fuß würde ich mich schon gut bezeichnen, aber so zum Beispill bei Flanken, da muss ich mich noch verbessern."

Et ass ze hoffen, dass een an Zukunft nach vill Positives vum jonke Golkipp wäert héieren.

RTL

De Fabian Heck am Trikot vum 1. FC Kaiserslautern / © UWE ANSPACH DPAdpa Picture-Alliance via AFP